Aféierung an den Deel 10
Jehova ass de Kinnek iwwer alles a jiddereen. Hien hat schonn ëmmer alles ënner Kontroll an dat bleift och esou. Hie beschützt de Jeremia zum Beispill virum Doud an engem déiwe Pëtz. Hie rett och de Schadrach, de Meschach an den Abednego aus dem Feieruewen a suergt dofir, datt den Daniel net vun de Léiwe gefriess gëtt. A well Jehova d’Esther beschützt, kann hatt säi ganzt Vollek retten. Hie léisst dat Béisst net fir ëmmer bestoen. D’Prophezeiung vun der grousser Statu an dem risege Bam garantéieren, datt Jehova säi Kinnekräich geschwënn all dat Béisst ewechmécht an iwwer d’Äerd regéiert.