Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 56 S. 134-S. 135 Abs. 1
  • De Josia huet Gott säi Gesetz gär

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • De Josia huet Gott säi Gesetz gär
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Jonk Leit – wat maacht dir aus ärem Liewen?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2023
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 56 S. 134-S. 135 Abs. 1
De Schaphan liest dem Kinnek Josia aus enger Schrëftrull vir

GESCHICHT 56

De Josia huet Gott säi Gesetz gär

De Josia ass 8 Joer al, wéi hien de Kinnek vu Juda gëtt. Zu där Zäit beschäftegt d’Vollek sech vill mat Magie a biet Gëtzen un. Am Alter vu 16 Joer versicht de Josia erauszefannen, wéi hie Jehova op déi richteg Aart a Weis ubiede kann. Wéi hien 20 ass, fänkt hien un, am ganze Land alles ze zerstéieren, wat mat der falscher Ubiedung ze dinn huet. Mat 26 setzt hien alles drun, fir datt den Tempel vu Jehova erëm an d’Rei gemaach gëtt.

Am Tempel fënnt den Ieweschte Priister Hilkija d’Buch vum Gesetz. Warscheinlech ass et esouguer déi Schrëftrull, déi de Moses selwer geschriwwen huet. Dem Kinnek säi Sekretär, de Schaphan, bréngt dem Josia d’Gesetz a liest him et haart vir. Dobäi gëtt dem Josia bewosst, datt d’Vollek scho jorelaang net méi op Jehova lauschtert. De Kinnek Josia seet dem Hilkija: »Jehova ass immens rose mat eis. Gitt a frot hien, wat mir maache sollen. Hie wäert eis et matdeelen.« Jehova äntwert duerch d’Prophéitin Hulda: »D’Vollek vu Juda huet mech verlooss. Ech bestrofe si, awer net esoulaang de Josia Kinnek ass. Hien huet mat Demut reagéiert, well hien dat gemaach huet, wat richteg ass.«

Den Hilkija fënnt d’Buch vum Gesetz vu Gott

Wéi de Kinnek Josia dëst héiert, rifft hien d’Vollek vu Juda zesummen a geet bei den Tempel. Hie liest hinnen d’Gesetz vu Jehova vir. De Josia an d’Vollek verspriechen, Jehova vu ganzem Häerzen ze follegen.

A Juda gouf d’Passah scho jorelaang net méi gefeiert. Wéi de Josia am Gesetz liest, datt d’Passah all Joer gefeiert soll ginn, seet hien zum Vollek: »Mir feieren d’Fest vum Passah fir Jehova.« De Josia mécht alles prett, fir vill Affer duerzebréngen. Hie suergt och dofir, datt et am Tempel e Chouer vu Sänger gëtt. D’Vollek feiert dann d’Passah. Direkt dono feiere si 7 Deeg laang d’Fest vum Brout ouni Sauerdeeg. Esou ass d’Passah zënter dem Samuel senger Zäit net méi gefeiert ginn. De Josia huet Gott säi Gesetz wierklech gär. Fënns du et och schéin, eppes iwwer Jehova ze léieren?

„Däi Wuert ass eng Luucht fir mäi Fouss an e Liicht fir mäi Wee“ (Psalm 119:105)

Froen: Wéi reagéiert de Kinnek Josia, wéi hie Gott säi Gesetz héiert? Wat mengs du, wéi Jehova iwwer de Josia denkt?

2. Könige 21:26; 22:1–23:30; 2. Chronika 34:1–35:25

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen