GESCHICHT 61
Si verneige sech net
Eng gewëssen Zäit nodeems den Nebukadnezar den Dram hat, mécht hien eng riseg Statu aus Gold a riicht se an der flaacher Géigend Dura op. All déi wichtegst Männer vum Land solle sech virun der Statu versammelen. De Schadrach, de Meschach an den Abednego sollen och kommen. De Kinnek verlaangt: »Wann dir d’Trompetten, d’Harfen an d’Duddelsäck héiert, musst dir iech virun der Statu verneigen. Wann een sech net verneigt, gëtt hien an den Uewe geheit a verbrannt.« Wat maachen déi dräi Hebräer? Verneige si sech virun der Statu oder bleiwe si Jehova trei?
De Kinnek gëtt de Kommando, d’Musek ze spillen. Jidderee verneigt sech a biet d’Statu un, ausser de Schadrach, de Meschach an den Abednego. E puer Männer gesinn dat a soen dem Kinnek: »Déi dräi Hebräer refuséieren, d’Statu unzebieden.« Den Nebukadnezar léisst si bei sech bréngen a seet: »Ech ginn iech elo nach eng Chance, fir d’Statu unzebieden. Wann dir dat net maacht, geheien ech iech an den Uewen. Kee Gott kann iech viru mir retten.« Si äntweren: »Mir brauche keng zweet Chance. Eise Gott kann eis retten. Awer och wann hien eis net rett, mir bieden d’Statu net un, o Kinnek.«
Den Nebukadnezar gëtt immens rosen. Hie seet: »Maacht d’Feier vum Uewe siwe Mol méi waarm ewéi soss!« Da gëtt hien den Zaldoten den Optrag: »Fesselt dës Männer a geheit se eran!« Den Uewen ass esou waarm, datt d’Zaldoten direkt stierwen, wéi si méi no kommen. Déi dräi Hebräer falen an d’Feier. Awer wéi den Nebukadnezar erakuckt, gesäit hie véier Männer am Feier an net nëmmen dräi. Hie kritt et mat der Angscht ze dinn a freet seng Beamten: »Hu mir net dräi Männer an d’Feier geheit? Ech gesinn der véier, an ee vun hinne gesäit aus ewéi en Engel!«
Den Nebukadnezar geet méi no bei den Uewen a rifft: »Kommt eraus, dir Dénger vum héchste Gott!« Jiddereen ass erstaunt, wéi de Schadrach, de Meschach an den Abednego aus dem Feier kommen, ouni verletzt ze sinn. Hir Haut, hir Hoer an hir Kleeder sinn net verbrannt an si richen net emol no Feier.
Den Nebukadnezar seet: »De Gott vum Schadrach, Meschach an Abednego ass wierklech mächteg. Hien huet säin Engel geschéckt an si gerett. Et gëtt kee Gott ewéi hien!«
Wëlls du Jehova och esou trei sinn ewéi déi dräi Hebräer, egal wat geschitt?
„Jehova, däi Gott, solls du ubieden, an him eleng solls du hellegen Déngscht erweisen“ (Matthäus 4:10)