GESCHICHT 64
Den Daniel bei de Léiwen
En anere Kinnek vu Babylon ass den Darius, de Meeder. Den Darius mierkt, datt den Daniel e besonnesche Mann ass. Dowéinst setzt hien den Daniel iwwer déi wichtegst Männer vum Land. Dës Männer sinn awer jalous op den Daniel a wëllen hie lassginn. Si wëssen, datt den Daniel all Dag dräi Mol zu Jehova biet. Dowéinst soe si dem Darius: »O Kinnek, et soll e Gesetz ginn, datt een nëmmen zu dir bieden dierf. Jiddereen, deen dëst Gesetz net anhält, soll an eng Grouf mat Léiwe geheit ginn.« Den Darius fënnt dëst eng gutt Iddi an ënnerschreift d’Gesetz.
Wéi den Daniel vun dem neie Gesetz héiert, geet hien heem. Hie geet virun enger oppener Fënster op d’Knéien a biet zu Jehova. Déi jalous Männer stiermen eran an erwëschen hie beim Bieden. Si lafen direkt bei den Darius a soen: »Den Daniel follegt dir net. Hie biet dräi Mol den Dag zu sengem Gott!« Den Darius ass frou mam Daniel a wëll net, datt hie stierft. Hie mécht sech de ganzen Dag Gedanken, wéi hien den Daniel rette kann. Awer esouguer de Kinnek selwer kann e Gesetz, dat hien ënnerschriwwen huet, net méi änneren. Dowéinst muss den Darius den Uerder ginn, den Daniel an d’Grouf ze geheien, déi voll mat hongerege Léiwen ass.
An där Nuecht kann den Darius net schlofen, well hie sech Suergen ëm den Daniel mécht. Moies fréi rennt den Darius bei d’Grouf a rifft: »Daniel, huet däi Gott dech gerett?«
Den Darius héiert eng Stëmm. Et war den Daniel! Hien äntwert dem Darius: »Jehova säin Engel huet de Léiwen hir Schnëss zougehalen. Si hu mir guer näischt gedoen!« Den Darius ass esou frou! Hie gëtt den Uerder, den Daniel aus der Grouf erauszehuelen. Den Daniel huet net emol eng Schrumm. Den Darius gëtt de Befeel: »Geheit déi Männer, déi den Daniel ugeklot hunn, an d’Grouf!« Knapps sinn d’Männer an der Grouf, gi si vun de Léiwe gefriess.
Den Darius gëtt sengem Vollek de Befeel: »Jidderee soll de Gott vum Daniel fäerten, well hien huet den Daniel virun de Léiwe gerett.«
Biets du och ewéi den Daniel all Dag zu Jehova?
„Jehova weess …, wéi hie Mënschen, déi esou liewen ewéi hien et wëll, aus der Prüfung rett“ (2. Petrus 2:9)