Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 60 S. 144-S. 145 Abs. 2
  • E Kinnekräich, dat fir ëmmer bleift

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • E Kinnekräich, dat fir ëmmer bleift
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • En Dram vun engem grousse Bam
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 60 S. 144-S. 145 Abs. 2
De Kinnek Nebukadnezar dreemt vun enger riseger Statu, déi vun engem Steen zerstéiert gëtt

GESCHICHT 60

E Kinnekräich, dat fir ëmmer bleift

De Kinnek Nebukadnezar huet eng Kéier e ganz komeschen Dram. Dësen Dram léisst him einfach keng Rou méi an dofir kann hien net schlofen. Hie rifft seng Zauberer a seet hinnen: »Erkläert mir mäin Dram!« Si äntweren: »O Kinnek, erziel eis, wat s du gedreemt hues.« Awer den Nebukadnezar seet: »Nee! Dir sollt mir soen, wat ech gedreemt hunn oder ech bréngen iech ëm!« Si soen op en Neits: »So eis, wat s du gedreemt hues a mir wëllen dir et erklären.« Hie seet: »Dir wëllt mech dach all eraleeën! Sot mir, wat ech gedreemt hunn!« Si soen zum Kinnek: »Dat kann dach kee Mënsch. Dat, wat s du verlaangs, ass onméiglech.«

Den Nebukadnezar gëtt esou rosen, datt hien den Uerder gëtt, all déi schlau Beroder am Land ëmzebréngen. Dozou gehéieren och den Daniel, de Schadrach, de Meschach an den Abednego. Den Daniel freet de Kinnek, him e bësse méi Zäit ze ginn. Hien a seng Frënn bieden zu Jehova a froen hien ëm Hëllef. Wat mécht Jehova elo?

Jehova seet dem Daniel an enger Visioun, wat den Nebukadnezar gedreemt huet a wat et bedeit. Den Dag drop geet den Daniel bei den Dénger vum Kinnek a seet: »Bréng d’Männer net ëm! Ech kann dem Kinnek säin Dram erklären.« Den Dénger bréngt den Daniel bei den Nebukadnezar an den Daniel seet dem Kinnek: »Gott huet dir d’Zukunft gewisen. Dëst ass däin Dram: Du hues eng riseg Statu gesinn. De Kapp war aus Gold, d’Broscht an d’Äerm aus Sëlwer, de Bauch an d’Uewerschenkel aus Koffer, d’Been aus Eisen an d’Féiss aus Eisen a Leem. E Stee gouf dunn aus engem Bierg geschloen an deen huet d’Statu bei de Féiss getraff. Alles, wat vun der Statu iwweregbliwwen ass, war Stëbs an dee gouf vum Wand ewechgeblosen. De Steen ass e grousse Bierg ginn an huet sech iwwer d’ganz Äerd ausgebreet.«

Da seet den Daniel: »Dat hei ass d’Bedeitung vun dengem Dram: De Kapp aus Gold ass däi Kinnekräich, d’Sëlwer steet fir e Kinnekräich, dat no dir kënnt. Da kënnt eent, dat ewéi Koffer ass an dat iwwer déi ganz Äerd herrscht. Dat nächst Kinnekräich ass esou staark ewéi Eisen. Zum Schluss kënnt e Kinnekräich, dat gedeelt ass – deels staark ewéi Eisen an deels schwaach ewéi Leem. De Steen, deen e Bierg gëtt, ass Gott säi Kinnekräich. Et zerstéiert all dës Kinnekräicher a bleift fir ëmmer bestoen.«

Den Nebukadnezar geheit sech virum Daniel op de Buedem a seet: »Däi Gott huet dir dësen Dram gewisen. Et gëtt kee Gott ewéi hien!« Amplaz den Daniel ëmzebréngen, mécht den Nebukadnezar hien zum Chef vun de Beroder an zum Herrscher vun der Provënz Babylon. Gesäis du, wéi Jehova dem Daniel säi Gebiet erhéiert huet?

„Si hunn si op där Plaz versammelt, déi op Hebräesch Armageddon genannt gëtt“ (Offenbarung 16:16)

Froen: Firwat kann den Daniel dem Nebukadnezar säin Dram erklären? Wat bedeit den Dram?

Daniel 2:1-49

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen