GESCHICHT 62
En Dram vun engem grousse Bam
Den Nebukadnezar huet nuets eng Kéier en Dram, deen hien immens fäerten deet. Hie rifft seng gescheit Männer zesummen, awer kee kann him den Dram erklären. Zu gudder Lescht erzielt hien dem Daniel den Dram.
Den Nebukadnezar erzielt: »A mengem Dram hunn ech e Bam gesinn, deen esou grouss war, datt e bis an den Himmel gaangen ass. Et konnt een de Bam vun der ganzer Äerd aus gesinn. Hien hat schéi Blieder a vill Friichten. D’Déieren hunn a sengem Schied gerascht an d’Villercher hunn hir Näschter a sengen Äscht gebaut. Dunn ass en Engel aus dem Himmel komm an huet geruff: ›Leet de Bam ëm a schneit seng Äscht of. Awer loosst de Stomp mat senge Wuerzelen am Buedem a maach Bänner aus Eisen a Koffer ëm de Stomp. Säin Häerz gëtt vun engem Mënschenhäerz an en Déierenhäerz verwandelt. Da vergi siwen Zäiten. All Mënsch wäert erkennen, datt Gott den héchsten Herrscher ass an datt hien deen zum Kinnek mécht, deen hie wëll.‹«
Jehova erkläert dem Daniel, wat den Dram bedeit. Den Daniel kritt et mat der Angscht ze dinn a seet: »O Kinnek, ech géif mir wënschen, an dësem Dram géing et ëm deng Feinde goen, awer et geet ëm dech. De grousse Bam, deen ëmgeluecht gëtt, dat bass du. Du verléiers däi Kinnekräich an du wäerts ewéi en Déier um Feld Gras iessen. Awer well den Engel gesot huet, de Stomp soll mat senge Wuerzele stoe bleiwen, gëss du erëm Kinnek.«
Ee Joer méi spéit spadséiert den Nebukadnezar iwwer de flaachen Daach vu sengem Palais a bewonnert Babylon: »Ass dës Stad, déi ech gebaut hunn, net fantastesch? Ech sinn de Gréissten!« Hien ass nach net fäerdeg mat schwätzen, do seet eng Stëmm aus dem Himmel: »Nebukadnezar! Elo hues du däi Kinnekräich verluer.«
An deem Moment verléiert den Nebukadnezar de Verstand a gëtt ewéi en Déier. Hie muss de Palais verloossen a mat den Déieren um Feld liewen. Seng Hoer ginn esou laang wéi d’Plomme vun engem Adler a seng Neel wéi d’Kralle vun engem Vugel.
Siwe Joer verginn. Den Nebukadnezar gëtt erëm normal a Jehova mécht hien nees zum Kinnek vu Babylon. Den Nebukadnezar seet: »Ech verherrleche Jehova, de Kinnek vum Himmel. Elo weess ech, datt Jehova den héchsten Herrscher ass. Hie mécht stolz Mënsche kleng an hie kann deen zum Kinnek maachen, deen hie wëll.«
„Stolz kënnt virum Falen an Iwwerhieflechkeet virum Stolperen“ (Sprüche 16:18)