Aféierung an den Deel 7
An dësem Deel geet et ëm d’Liewe vun de Kinneke Saul an David. Mir kucken eis 80 Joer Geschicht un. Am Ufank huet de Saul Demut a follegt Jehova. Awer mat der Zäit verännert hie sech a lauschtert net méi op Gott. Dofir leent Jehova hien of a gëtt dem Samuel den Optrag, den David als nächste Kinnek vun Israel auszewielen. De Saul gëtt jalous a probéiert e puer Mol den David ëmzebréngen. Awer den David rächt sech ni. De Jonathan, dem Saul säi Jong, weess, datt Jehova den David ausgewielt huet an hält loyal zu him. Den David mécht e puer Mol ganz schwéier Feeler, mee hie léisst sech ëmmer erëm vu Jehova korrigéieren. Weis dengem Kand, wéi wichteg et ass, ëmmer trei zu Jehova ze halen an déi ze ënnerstëtzen, déi hien agesat huet.