GESCHICHT 38
Jehova mécht de Simson staark
Vill vun den Israelitte fänken erëm un, Gëtzen ze déngen. Dowéinst léisst Jehova zou, datt d’Philister hiert Land beherrschen. Awer et ginn och Israelitten, déi Jehova gär hunn. Ee vun hinnen ass de Manoach. Hien a seng Fra hu keng Kanner. Enges Daags schéckt Jehova en Engel bei dem Manoach seng Fra. Den Engel seet: »Du kriss e Jong. Hie wäert Israel vun de Philister befreien an hie gëtt en Nasiräer.« Weess du, wat en Nasiräer ass? En Nasiräer ass e besonneschen Dénger vu Jehova an hien däerf sech d’Hoer net schneide loossen.
No enger Zäit kréien de Manoach a seng Fra e Jong a si nennen hie Simson. Wéi de Simson grouss gëtt, mécht Jehova hien aussergewéinlech staark. Hie kann e Léiw mat bloussen Hänn dout maachen. Hie bréngt eng Kéier 30 Philister ganz eleng ëm. D’Philister haassen hien a wëllen hien ëmbréngen. Wéi de Simson eng Kéier zu Gasa schléift, ginn si bei d’Paart vun der Stad a waarden do, fir hie moies ëmzebréngen. Mee matzen an der Nuecht steet de Simson op, geet bei d’Paart vun der Stad a rappt se aus der Mauer eraus. Hien dréit d’Paart op senge Schëllere bis op e Bierg an der Géigend vun Hebron!
Méi spéit ginn d’Philister bei dem Simson seng Frëndin, d’Delila, a soen: »Mir ginn dir 5500 Sëlwerstécker, wann s du erausfënns, firwat de Simson esou staark ass. Mir wëllen hie festhuelen an aspären.« D’Delila ass averstanen, well hatt d’Sue wëll. Am Ufank wëll de Simson him net soen, firwat hien esou staark ass. Mee hatt hält sech drun, bis hien nogëtt a säi Geheimnis verréit: »Meng Hoer sinn ni geschnidde ginn, well ech en Nasiräer sinn. Wa meng Hoer geschnidde ginn, verléieren ech meng Kraaft.« Mengs du net och, datt et e grousse Feeler ass, him dat ze soen?
Direkt erzielt d’Delila de Philister: »Ech kenne säi Geheimnis.« Hatt léisst de Simson op sengem Schouss aschlofen a léisst seng Hoer ofschneiden. Da rifft hatt: »Simson, d’Philister sinn do!« De Simson gëtt waakreg a seng Kraaft ass fort. D’Philister huelen hie mat, maachen hie blann a geheien hien an de Prisong.
Enges Daags versammele sech Dausende vu Philister am Tempel vun hirem Gott Dagon a ruffen: »Eise Gott huet eis de Simson ausgeliwwert. Bréngt de Simson heihin, fir datt mir eis ameséieren.« Si stellen hien tëschent zwou Sailen a maachen de Geck mat him. De Simson rifft: »O Jehova, gëff mir wannechgelift eng leschte Kéier Kraaft.« Dem Simson seng Hoer si mëttlerweil erëm gewuess. Hie stäipt sech mat aller Kraaft géint d’Saile vum Tempel. Dat ganzt Gebai fält an e Koup. All d’Leit am Tempel stierwen – och de Simson.
„Fir alles sinn ech staark duerch deen, dee mir Kraaft gëtt“ (Philipper 4:13)