GESCHICHT 41
Den David an de Saul
Nodeem den David de Goliath ëmbruecht huet, mécht de Kinnek Saul hien zum Chef vu senger Arméi. Den David gewënnt vill Kricher a gëtt ganz berüümt. Allkéiers, wann hie vum Krich heem kënnt, danzen a sangen d’Fraen: »De Saul huet Dausenden dout gemaach an den David zéng Mol méi!« De Saul gëtt dowéinst immens jalous op den David a wëll hien ëmbréngen.
Den David ka ganz gutt Harf spillen. Wéi hien eng Kéier fir de Saul spillt, werft de Saul e Speer no him. Den David duckt sech am leschte Moment an de Speer lant an der Mauer. Dono probéiert de Saul ëmmer erëm hien ëmzebréngen. Schlussendlech leeft den David fort a verstoppt sech an der Wüüst.
De Saul mécht sech mat 3000 Zaldoten op d’Sich nom David. Zoufälleg geet hien a genee déi Höl, wou den David a seng Männer sech verstoppen. Dem David seng Männer pësperen: »Dat ass deng Chance de Saul dout ze maachen!« Ganz lues schläicht sech den David bei de Saul a schneit e Stéck vu sengem Mantel erof. De Saul kritt dovu guer näischt mat. Dono fillt den David sech schlecht, well hie kee Respekt virun deem Kinnek gewisen huet, dee Jehova auserwielt hat. Hie léisst net zou, datt seng Männer de Saul ugräifen. Wéi de Saul aus der Höl erauskënnt, rifft den David him hannendrun: »Ech hätt dech grad kéinten ëmbréngen! Mee ech hunn et net gemaach.« Wat mengs du, léisst de Saul den David elo mat Rou?
Nee. De Saul mécht weider. Enges Nuets schläichen sech den David a säin Neveu, den Abischai, an d’Lager vum Saul. Si schlofen alleguer, och den Abner, deen op de Saul oppasse sollt. Den Abischai pëspert: »Elo oder ni, komm, ech bréngen hien ëm!« Mee den David seet: »Nee, mir iwwerloossen dat Jehova. Mir huelen nëmme säi Speer a säi Waasserkrou a mir ginn erëm.«
Den David klëmmt op e Bierg. Vun do aus gesäit hien dem Saul säi ganzt Lager an hie rifft: »Abner, firwat hues du net op däi Kinnek opgepasst? Wou sinn dem Saul säi Krou a säi Speer?« De Saul erkennt dem David seng Stëmm a rifft: »Du häss mech kéinten ëmbréngen. Mee du hues et net gemaach. Elo weess ech, datt s du den nächste Kinnek vun Israel gëss.« Dono geet de Saul zeréck a säi Palais. Awer haasst jiddereen am Saul senger Famill den David?
„Wann et nëmme méiglech ass an esou wäit et vun iech ofhänkt, lieft mat all Mënsch am Fridden. Léif Leit, rächt iech net, mee loosst der Roserei vu Gott Plaz“ (Römer 12:18, 19, BFL)