GESCHICHT 39
Den éischte Kinnek vun Israel
Jehova huet den Israelitte Riichter ginn, fir si ze féieren. Awer si wëlle léiwer e Kinnek hunn. Si soen dem Samuel: »All déi aner Natiounen hunn e Kinnek. Mir wëllen och een.« De Samuel huet d’Gefill, datt dat falsch wier, dowéinst biet hien zu Jehova. Jehova seet him: »Si leenen net dech of, mee si leene mech of. So hinnen, si kënnen e Kinnek hunn. Awer hie wäert vill vun hinne verlaangen.« An trotzdeem seet d’Vollek: »Dat ass eis ganz egal. Mir wëllen e Kinnek!«
Jehova seet dem Samuel, datt e Mann mam Numm Saul, den éischte Kinnek gëtt. Wéi de Saul de Samuel zu Rama besicht, salleft de Samuel hien als Kinnek. Dofir hëlt hien Ueleg a schëtt en iwwer dem Saul säi Kapp. Dat ass d’Zeechen, datt hien als Kinnek auserwielt ass.
Dono rifft de Samuel d’Israelitten zesummen, fir hinnen hiren neie Kinnek virzestellen. Mee si kënnen de Saul néierens fannen. Weess du firwat? Hie verstoppt sech hannert dem Gepäck. Wéi si hien endlech fannen, stelle si hie matzen ënner d’Leit. De Saul ass vill méi grouss ewéi déi aner an hie gesäit ganz gutt aus. De Samuel seet: »Kuckt, hei ass de Mann, dee Jehova ausgewielt huet.« D’Vollek jäizt vu Freed: „Vive de Kinnek!“
Am Ufank lauschtert de Kinnek Saul op de Samuel a follegt Jehova. Awer dann ännert hie sech. Zum Beispill gehéiert et net zu den Aufgabe vun engem Kinnek, Affer duerzebréngen. Bei enger Geleeënheet kënnt de Samuel net direkt an de Saul huet keng Loscht méi, op hien ze waarden. Also decidéiert hien, d’Affer selwer duerzebréngen. Wéi reagéiert de Samuel? Hie seet him: »Du hues Jehova net gefollegt. Dat war e Feeler.« Léiert de Saul eppes aus sengem Feeler?
Méi spéit geet de Saul an de Krich géint d’Amalekitter an de Samuel seet him, datt hie keen um Liewe soll loossen. Awer de Saul entscheet sech, den Agag, hire Kinnek, net dout ze maachen. Da seet Jehova dem Samuel: »De Saul lauschtert net op mech. Hien huet mech verlooss.« Dat mécht de Samuel trauereg an hie seet dem Saul: »Well s du net méi op Jehova lauschters, wielt hien elo en anere Kinnek aus.« Hien dréit sech ëm a wëll goen. Dunn zitt de Saul um Samuel sengem Gezei a rappt e Stéck erof. De Samuel seet him: »Esou huet Jehova och d’Kinnekräich vun dir ewechgerappt.« D’Kinnekräich soll engem gehéieren, dee Jehova gär huet an op hie lauschtert.
„Follegen ass besser ewéi en Affer“ (1. Samuel 15:22)