GESCHICHT 40
Den David an de Goliath
Jehova seet dem Samuel: »Géi bei den Isai. Ee vu senge Jonge gëtt den nächste Kinnek vun Israel.« Wéi de Samuel am Haus vum Isai ukënnt, gesäit hien den eelste Jong an denkt: »Dat do ass en.« Awer Jehova seet him: »Nee, dat do ass en net. Ech gesinn an d’Häerz vun engem Mënsch an net nëmmen dat, wat ee vu bausse gesäit.«
Den Isai stellt dem Samuel nach sechs vu senge Jonge vir. Awer de Samuel seet: »Jehova huet kee vun hinnen ausgewielt. Hues du nach aner Jongen?« Den Isai äntwert: »Ech hunn nach ee Jong, de Jéngsten, den David. Hie passt grad dobaussen op d’Schof op.« Wéi den David erakënnt, seet Jehova dem Samuel: »Hien ass et!« De Samuel hëlt Ueleg a schëtt en iwwer dem David säi Kapp. Esou gëtt hien als nächste Kinnek vun Israel gesalleft.
Méi spéit féieren d’Philister Krich géint d’Israelitten. D’Philister hunn e risegen Zaldot. Hien heescht Goliath. All Dag mécht hien de Geck mat den Israelitten a seet: »Schéckt mir een, dee géint mech kämpft. Wann hie gewënnt, da gi mir är Sklaven. Awer wann ech gewannen, da gitt dir eis Sklaven.«
Den David geet an d’Lager vun der israelittischer Arméi. Hie bréngt senge Bridder, déi do Zaldote sinn, eppes z’iessen. Hien héiert de Goliath a seet: »Ech kämpfe géint hien!« De Kinnek Saul seet: »Mee du bass dach nach e Bouf.« Den David äntwert: »Jehova hëlleft mir.«
De Saul wëll dem David seng Rüstung léinen, awer den David seet: »Domat kann ech net kämpfen.« Hien hëlt seng Schleider a geet bei eng Baach. Hie sicht sech fënnef glat Steng a stécht si a seng Posch. Da leeft hien op de Goliath zou. De Ris bläert: »Komm hei, du klenge Spund. Ech verfidderen dech un d’Villercher an un d’wëll Déieren.« Mee den David huet keng Angscht. Hie rifft zeréck: »Du kënns mat engem Schwäert a mat engem Speer. Awer ech kommen am Numm vu Jehova. Du kämpfs net géint eis. Du kämpfs géint Gott. Dir wäert alleguer gesinn, datt Jehova vill méi staark ass ewéi e Schwäert oder e Speer. Hie mécht, datt mir gewannen.«
Jehova hëlleft dem David wierklech. Den David leet e Steen a seng Schleider an hie schéisst esou fest e kann. Voller Wucht trëfft de Steen de Goliath matzen op d’Stier. De Ris fält dout ëm. Wéi d’Philister dat gesinn, kréien si Angscht a lafe fort. Vertraus du och esouvill op Jehova ewéi den David?
„Fir d’Mënschen ass et onméiglech, mee net fir Gott; well fir Gott ass alles méiglech“ (Markus 10:27, BFL)