GESCHICHT 52
Jehova seng Arméi aus Feier
De Ben-Hadad, de Kinnek vu Syrien, attackéiert Israel ëmmer erëm. De Kinnek vun Israel ass awer net wierklech a Gefor, well de Prophéit Elisa hien allkéiers warnt. Dowéinst wëll de Ben-Hadad den Elisa kidnappen. Hie fënnt eraus, datt den Elisa an der Stad Dothan ass. Also schéckt hie seng Arméi dohin, fir hie gefaangen ze huelen.
Déi syresch Arméi kënnt an der Nuecht zu Dothan un. Wéi dem Elisa säin Dénger moies erausgeet, gesäit hien, datt déi ganz Stad vun enger grousser Arméi ëmzéngelt ass. Hien ziddert vun Angscht a rifft: »Elisa, wat solle mir nëmme maachen?« Den Elisa seet him: „Et sinn der méi op eiser Säit ewéi op hirer Säit.“ Da léisst Jehova den Dénger gesinn, datt d’Bierger ronderëm d’Stad voll mat Päerd a Krichsween aus Feier sinn.
Wéi déi syresch Zaldote probéieren, den Elisa gefaangen ze huelen, biet hien: »Jehova, maach se wannechgelift blann.« Obwuel d’Zaldoten nach gesinn, wësse si beemol net méi, wou si dru sinn. Den Elisa seet hinnen: »Dir sidd an der falscher Stad. Kommt mat, ech bréngen iech bei dee Mann, deen dir sicht.« Si ginn dem Elisa no bis op Samaria, wou de Kinnek vun Israel wunnt.
Vill ze spéit mierken d’Syrer, wou si eigentlech sinn. De Kinnek freet den Elisa: „Soll ech se ëmbréngen?“ Huet den Elisa dës Geleeënheet genotzt, fir sech un deene Leit ze rächen, déi hien entféiere wollten? Nee. Den Elisa seet: »Bréng si net ëm. Gëff hinnen eppes z’iessen a schéck si nees heem.« De Kinnek organiséiert e grousst Fest fir d’Zaldoten a schéckt si nees heem.
„Dat hei ass d’Zouversiicht, déi mir an hien hunn: Wa mir fir eppes froen, wat sengem Wëllen entsprécht, da lauschtert hien op eis“ (1. Johannes 5:14, BFL)