GESCHICHT 51
Dat klengt Meedchen an de Krichsmann
Am Land Syrien lieft e klengt Meedchen. Hatt ass wäit ewech vu sengem Doheem an Israel. Déi syresch Arméi huet hatt vu senger Famill einfach ewechgeholl. Elo muss hatt fir dem Naaman seng Fra schaffen. Den Naaman ass de Chef vun der syrescher Arméi. Dëst klengt Meedche biet Jehova un, och wann déi aner ronderëm hatt net u Jehova gleewen.
Den Naaman huet eng schrecklech Hautkrankheet an hien huet déi ganzen Zäit Péng. D’Meedche wëll him esou gär hëllefen. Hatt seet dem Naaman senger Fra: »Ech kennen een, deen ärem Mann hëllefe kann: den Elisa. Hien ass e Prophéit vu Jehova a wunnt an Israel. Hie kann äre Mann gesond maachen.«
D’Fra zielt hirem Mann, wat d’Meedche gesot huet. Den Naaman ass prett, alles ze maachen, fir nees gesond ze ginn. Dowéinst mécht hien sech op de Wee an Israel, fir bei den Elisa ze goen. Den Naaman mengt, datt den Elisa hie perséinlech begréisse misst, esou wéi wann hien eng wichteg Persoun wier. Awer den Elisa schéckt nëmme säin Dénger, fir him ze soen: »Géi bei de Jordan a wäsch dech do siwe Mol. Da gëss du nees gesond.«
Den Naaman ass immens enttäuscht. Hie seet: »Ech hat geduecht, datt dëse Prophéit zu sengem Gott rifft a mech duerch e Wonner heelt. Awer elo seet hie mir, ech misst bei e Floss an Israel goen. Mir hunn dach besser Flëss a Syrien. Firwat kann ech net einfach dohi goen?« Den Naaman ass rosen a geet fort.
Awer dem Naaman seng Dénger hëllefen him, nees kloer ze denken. Si soen: »Géings du net alles maachen, fir erëm gesond ze ginn? Wat de Prophéit dir gesot huet, ass dach esou liicht. Firwat probéiers du et net einfach?« Den Naaman lauschtert op si a geet bei de Jordan. Hien taucht siwe Mol an d’Waasser ënner. No der siwenter Kéier ass hien nees ganz gesond. Well den Naaman immens dankbar ass, geet hien zeréck bei den Elisa a seet: »Elo weess ech, datt Jehova de richtege Gott ass.« Wat mengs du: Wéi huet sech dat klengt israelittescht Meedche gefillt, wéi den Naaman gesond heemkomm ass?
„Aus dem Mond vu klenge Kanner a Puppelcher hues du dir Luef geschafen“ (Matthäus 21:16, BFL)