GESCHICHT 53
Dem Jehojada säi Mutt
D’Isebel huet e Meedchen, dat geneesou béis ass ewéi hatt. Hatt heescht Athalja an ass mam Kinnek vu Juda bestuet. Wéi säi Mann stierft, gëtt säi Jong Kinnek. Wéi säi Jong och stierft, mécht d’Athalja sech selwer zur Kinnigin. Hatt probéiert, déi ganz kinneklech Herrscherlinn auszeläschen, andeems hatt jiddereen ëmbréngt, deen a senger Plaz Kinnek kéint ginn. Hatt bréngt esouguer seng eegen Enkelen ëm. Jiddereen huet Angscht virun him.
Den Ieweschte Priister Jehojada a seng Fra Jehoscheba wëssen, datt dat wat d’Athalja mécht, ganz schlëmm ass. Si riskéieren hiert Liewen, well si en Enkel vum Athalja verstoppen – de Joas. Hien ass nach e Puppelchen a wiisst bei hinnen am Tempel op.
Wéi de Joas siwe Joer al ass, versammelt de Jehojada all d’Cheffe vun de Wiechter an d’Levitten, a seet: »Bewaacht d’Diere vum Tempel a loosst keen eran.« De Jehojada setzt dem Joas eng Kroun op a mécht en zum Kinnek vu Juda. D’Vollek rifft: „Viv de Kinnek!“
D’Kinnigin Athalja héiert de Kaméidi a rennt bei den Tempel. Wéi hatt den neie Kinnek gesäit, jäizt et: „Verschwörung! Verschwörung!“ D’Cheffe vun de Wiechter huelen déi béis Kinnigin mat a bréngen se ëm. Dat ass zwar d’Enn vum Athalja – et muss awer nach vill geschéien, fir d’Land vu sengem schlechten Afloss ze befreien.
De Jehojada léisst d’Vollek e Bond mat Jehova agoen. Si verspriechen, nëmme Jehova ze déngen. De Jehojada seet hinnen, datt si den Tempel vum Baal ofrappen an d’Statue vun de Gëtze futti schloe sollen. Hie setzt d’Priister an d’Levitte fir d’Aarbechten am Tempel an, esou datt d’Vollek do nees dénge kann. Hie stellt Wiechter bei d’Diere vum Tempel. Esou ka keen erakommen, deen onreng ass. Da bréngen de Jehojada an d’Cheffe vun de Wiechter de Joas bei de Palais a setzen hien op den Troun. D’Vollek vu Juda ass immens frou. Elo sinn si endlech dat béist Athalja an de Baalskult lass a kënne Jehova déngen. De Jehojada huet wierklech ville Mënsche gehollef. Wéi fënns du et, datt hien esou vill Mutt hat?
„Hutt keng Angscht virun deenen, déi de Kierper ëmbréngen, d’Séil awer net ëmbrénge kënnen. Hutt vill méi Angscht virun deem, deen d’Séil an de Kierper an der Gehenna zerstéiere kann“ (Matthäus 10:28, BFL)