Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 49 S. 118-S. 119 Abs. 2
  • Eng béis Kinnigin kritt hir Strof

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Eng béis Kinnigin kritt hir Strof
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • „Das ganze Haus Ahabs soll umkommen“ (2Kö 9:8)
    Eist Liewen an eisen Déngscht als Chrëscht: Aarbechtsheft 2022
  • Hien huet couragéiert, decidéiert an dynamesch gehandelt
    Eist Liewen an eisen Déngscht als Chrëscht: Aarbechtsheft 2022
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 49 S. 118-S. 119 Abs. 2
Dem Isebel seng Dénger geheien hatt aus der Fënster

GESCHICHT 49

Eng béis Kinnigin kritt hir Strof

De Kinnek Ahab wunnt an engem Palais zu Jesreel. Aus senger Fënster gesäit hien de Wéngert, deen dem Naboth gehéiert. Den Ahab wëll dëse Wéngert hunn, awer den Naboth wëll him en net verkafen. Jehova säi Gesetz seet nämlech, datt een e Land, dat ee gierft huet, net verkafen dierf. Den Naboth wëll also dat maachen, wat richteg ass. Fënnt den Ahab dat gutt? Nee! Hie gëtt esou rosen, datt hien einfach am Bett bleift an näischt méi iesse wëll.

Dem Ahab seng Fra, déi béis Kinnigin Isebel, seet him: »Du bass de Kinnek vun Israel. Du kanns alles hunn, wat s du wëlls! Ech këmmere mech drëm, datt s du de Wéngert kriss.« Hatt schreift Bréiwer un déi wichteg Männer aus der Stad. Si sollen den Naboth beschëllegen, hien hätt Gott verflucht an dofir soll hie gestengegt ginn. Dës Männer maachen dat, wat d’Isebel vun hinne verlaangt. D’Isebel seet zum Ahab: »Den Naboth ass dout! Elo gehéiert de Wéngert dir.«

D’Isebel bréngt vill onschëlleg Mënschen ëm, déi Jehova gär hunn, esou wéi den Naboth. Hatt biet Gëtzen un a mécht nach vill aner béis Saachen. Awer Jehova gesäit dat alles. Wat wäert hie mam Isebel maachen?

Den Ahab stierft a méi spéit gëtt säi Jong, de Joram, Kinnek. Jehova schéckt e Mann, dee Jehu heescht, fir d’Isebel an seng Famill ze bestrofen.

De Jehu fiert mat sengem Krichswon op Jesreel, wou d’Isebel lieft. De Kinnek Joram kënnt him mat sengem Won entgéint a freet: „Kënns du am Fridden?“ De Jehu seet: »Et ka kee Fridde ginn esoulaang deng Mamm, d’Isebel, all déi schlecht Saache mécht.« De Joram probéiert säi Won ëmzedréinen a fortzekommen. Awer de Jehu hëlt Feil a Bou an erschéisst de Joram.

De Jehu gëtt den Uerder, d’Isebel erofzegeheien

De Jehu mécht sech elo op de Wee bei de Palais vum Isebel. Wéi hatt héiert, datt hien ënnerwee ass, mécht hatt sech prett. Hatt schminkt sech, mécht seng Hoer a waart uewe bei senger Fënster. Wéi de Jehu ukënnt, begréisst d’Isebel hien op eng frech Manéier. D’Dénger, déi niewent dem Isebel stinn, kréie vum Jehu zougeruff: „Geheit et erof!“ Si geheien d’Isebel aus der Fënster an hatt stierft.

Dono léisst de Jehu dem Ahab seng 70 Jongen ëmbréngen a mécht dem Baalskult am ganze Land en Enn. Ass dir opgefall, datt Jehova alles gesäit an déi béis Mënschen zum richtegen Zäitpunkt bestrooft?

„En Ierwen, dat een sech duerch Gier verschaaft, wäert schlussendlech kee Seege sinn“ (Sprüche 20:21)

Froen: Wat mécht d’Isebel fir dem Naboth säi Wéngert ze kréien? Firwat bestrooft Jehovah d’Isebel?

1. Könige 21:1-29; 2. Könige 9:1–10:30

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen