GESCHICHT 50
Jehova kämpft fir de Josaphat
De Josaphat, de Kinnek vu Juda, zerstéiert am ganze Land d’Altär an d’Gëtze vum Baal. Hie wëll, datt d’Vollek Jehova seng Gesetzer kennt. Dowéinst schéckt hien seng Beamten an d’Levitte lass, fir dem ganze Vollek a Juda d’Gesetz vu Jehova bäizebréngen.
D’Nopeschnatioune wëssen, datt Jehova sengem Vollek hëlleft. Dofir trauen si sech net, Juda unzegräifen. Si bréngen dem Kinnek Josaphat esouguer Kaddoen. Awer da kommen d’Moabitter, d’Ammonitter an déi aus der Géigend vu Seir, fir Juda unzegräifen. De Josaphat weess, datt hie Jehova seng Hëllef brauch. Dowéinst léisst hien all d’Männer, d’Fraen an d’Kanner op Jerusalem kommen. Hie stellt sech viru si a biet: »Jehova, ouni dech kënne mir net gewannen. So eis wannechgelift, wat mir maache sollen.«
Jehova äntwert: »Fäert net. Ech hëllefen iech. Stellt iech dohin, bleift stoen a kuckt, wéi ech iech retten.« Awer wéi rett Jehova si?
Den nächste Moie wielt de Josaphat Sänger aus, déi un der Spëtzt vun der Arméi marschéiere sollen. Si marschéiere vu Jerusalem op eng Plaz, déi Tekoa heescht, wou de Kampf stattfanne soll.
D’Sänger sange mat enger haarder Stëmm a voller Freed Lidder fir Jehova. An där Zäit kämpft Jehova fir säi Vollek. Hie mécht d’Ammonitter an d’Moabitter esou duercherneen, datt si sech géigesäiteg ugräifen. Keen Eenzege vun hinnen iwwerlieft. Jehova beschützt d’Zaldoten, d’Priisteren an d’Vollek vu Juda. All d’Nopeschnatiounen héieren, wat Jehova gemaach huet. A si wëssen, datt Jehova nach ëmmer fir säi Vollek kämpft. Jehova huet esou vill verschidden Aart a Weisen, wéi hie säi Vollek rette kann an dobäi brauch hie keng Hëllef vu Mënschen.
„Dir braucht net ze kämpfen. Stellt iech dohin, bleift stoen a gesitt, wéi Jehova iech rett“ (2. Chronika 20:17)