GESCHICHT 48
Eng Wittfra kritt hire Jong zeréck
Wärend der Dréchent seet Jehova dem Elia: »Géi op Zarephath. Do kriss du vun enger Wittfra z’iessen.« Virun der Stad gesäit den Elia eng aarm Wittfra, déi Holz sammelt. Den Elia freet si no engem Becher Waasser. Wéi si dee siche geet, rifft den Elia hir no: „Bréng mir wannechgelift och e Stéck Brout mat.“ Awer d’Wittfra äntwert: »Ech kann dir kee Brout ginn. D’Miel an den Ueleg, déi ech hunn, gi just nach duer, fir mir a mengem Jong eppes Klenges z’iessen ze maachen.« Den Elia seet: »Jehova versprécht, wann s du mir e klengt Brout méchs, wäerts du ëmmer genuch Miel an Ueleg hunn, bis et erëm reent.«
Also geet d’Wittfra nees heem a béckt e Brout fir de Prophéit vu Jehova. An et kënnt geneesou, wéi Jehova et versprach huet: Hire Miel- an Uelegkrou ginn net eidel. Si an hire Jong hu wärend der Dréchent ëmmer eppes z’iessen.
Elo geschitt awer eppes ganz Schlëmmes. De klenge Jong vun der Wittfra gëtt esou krank, datt hie stierft. Si freet den Elia verzweifelt ëm Hëllef. Den Elia hëlt hir de Jong of an dréit hien erop an eng Kummer. Hie leet de Jong op d’Bett a biet: »Jehova, looss dëse Jong dach wannechgelift erëm liewen.« Firwat wier et erstaunlech, wa Jehova dat maache géif, wat den Elia freet? Esou wéi et ausgesäit, ass bis dohin nach ni en Doudegen operstan. Ausserdeem waren d’Wittfra an de Jong keng Israelitten.
De Jong fänkt tatsächlech erëm u mat ootmen a lieft! Den Elia seet zur Wittfra: »Kuck, däi Jong lieft!« Si ass iwwerglécklech an äntwert him: »Du bass wierklech e Mann vu Gott! Elo weess ech, datt alles, wat s du sees, vu Jehova kënnt an ëmmer geschitt.«
„Kuckt iech genee d’Villercher um Himmel un. Si séie kee Som, sammele keng Kären a späicheren se och net an enger Scheier. An awer fiddert äre Papp am Himmel si. Sidd dir net méi wäert ewéi si?“ (Matthäus 6:26)