GESCHICHT 42
De Jonathan ass en treie Frënd mat Mutt
De Jonathan, dem Kinnek Saul säin eelste Jong, ass en Zaldot mat ganz vill Mutt. Den David seet, hie wär méi séier ewéi en Adler a méi staark ewéi e Léiw. Enges Daags gesäit de Jonathan de Philister hir Zaldoten op engem Hiwwel. Hie seet zu deem, deen seng Waffen dréit: »Mir gräife si nëmmen un, wa Jehova eis en Zeeche gëtt. Wann d’Philister soen, mir sollen eropkommen, wësse mir, datt mir si attackéiere kënnen.« D’Philister jäizen: »Kommt erop a kämpft mat eis!« Du kloteren déi zwee Männer erop a gewannen de Kampf géint 20 Zaldoten.
Well de Jonathan den eelste Jong vum Saul ass, wär et eigentlech un him, den nächste Kinnek vun Israel ze ginn. Awer hie weess, datt Jehova den David als nächste Kinnek ausgewielt huet an hien ass och net jalous. Si ginn esouguer bescht Frënn. Si verspriechen, sech géigesäiteg ze beschützen an ze verteidegen. Als Zeeche vun hirer Frëndschaft, schenkt de Jonathan dem David säi Mantel, säi Schwäert, säi Bou a säi Rimm.
Wéi den David virum Saul fortleeft, geet de Jonathan bei den David a seet: »Sief staark a couragéiert! Jehova huet dech als Kinnek ausgewielt a mäi Papp weess dat och.« Géifs du och gär esou e gudde Frënd hunn?
De Jonathan riskéiert méi wéi eng Kéier säi Liewen, fir dem David ze hëllefen. Hie weess, datt de Kinnek Saul den David ëmbrénge wëll. Dowéinst seet hien zu sengem Papp: »Den David dout ze maachen, wär eng Sënn. Hien huet dach näischt falsch gemaach.« De Saul gëtt immens rosen op de Jonathan.
E puer Joer méi spéit stierwen de Saul an de Jonathan an engem Krich. Dono mécht den David sech op d’Sich nom Jonathan sengem Bouf, dem Mephiboscheth. Wéi hien e fënnt, seet hien: »Däi Papp war e gudde Frënd. Dofir suergen ech gär fir dech. Du kanns a mengem Palais wunnen an ëmmer bei mir um Dësch iessen.« Den David huet säi Frënd, de Jonathan, ni vergiess.
„Hutt een deen anere gär, esou wéi ech iech gär hat. Et huet kee méi eng grouss Léift wéi déi hei: datt ee säi Liewe fir seng Frënn hiergëtt“ (Johannes 15:12, 13, BFL)