GESCHICHT 33
D’Ruth an d’Noomi
D’Noomi ass eng Israelittin. Hatt a säi Mann hunn zwee Jongen. Wärend enger Hongersnout an Israel geet hatt mat senger Famill a Moab. Spéider stierft dem Noomi säi Mann. Seng Jonge bestuede Fraen aus Moab, d’Ruth an d’Orpa. Awer leider stierwen och dem Noomi seng Jongen.
Wéi d’Noomi héiert, datt d’Hongersnout an Israel eriwwer ass, decidéiert hatt erëm heemzegoen. D’Ruth an d’Orpa gi mat him. Awer ënnerwee seet d’Noomi zu hinnen: »Dir waart fir meng Jonge gutt Fraen a fir mech gutt Schnaueren. Ech wëll, datt dir iech erëm bestuet. Gitt heem, zeréck a Moab.« D’Frae soen: »Mir hunn dech gär! Mir wëllen dech net verloossen.« Awer d’Noomi insistéiert, datt si zeréckgoe sollen. Schlussendlech geet d’Orpa zeréck, awer d’Ruth bleift. D’Noomi seet zu him: »D’Orpa geet zeréck bei säi Vollek a seng Gëtter. Géi mat him a géi an d’Haus vun denger Mamm zeréck.« Mee d’Ruth seet: »Ech verloossen dech net. Däi Vollek gëtt mäi Vollek an däi Gott gëtt mäi Gott.« Wat mengs du, wéi fillt sech d’Noomi, wéi hatt dat héiert?
Wéi d’Ruth an d’Noomi an Israel ukommen, gëtt grad d’Geescht vun de Felder erageholl. D’Ruth geet op e Feld fir dat opzerafen, wat iwweregbliwwen ass. Et ass d’Feld vum Rahab sengem Jong, dem Boas. Hien héiert, datt d’Ruth aus Moab kënnt an trei beim Noomi bliwwen ass. Hie seet zu sengen Aarbechter, si solle fir d’Ruth extra e bësse méi um Feld iwweregloossen.
Owes freet d’Noomi d’Ruth: »Op wéi engem Feld hues du haut geschafft?« D’Ruth äntwert: »Um Feld vun engem Mann, dee Boas heescht.« Do seet d’Noomi: »De Boas ass Famill vu mengem Mann. Schaff weider op sengem Feld zesumme mat den anere jonke Fraen. Do bass du sécher.«
D’Ruth schafft um Boas sengem Feld bis all d’Kären erageholl sinn. Dem Boas fält op, datt d’Ruth eng fläisseg an aussergewéinlech Fra ass. Wann zu där Zäit e Mann gestuerwen ass a keng Jongen hat, war et üblech, datt ee vun der Famill d’Wittfra bestuet huet. Dowéinst bestit de Boas d’Ruth a si kréien e Jong. Hien heescht Obed a gëtt méi spéit de Bopa vum Kinnek David. Dem Noomi seng Frëndinne freeën sech immens. Si soen: »Fir d’éischt huet Jehova dir d’Ruth ginn. Hatt ass immens léif mat dir an elo hues du och nach en Enkel. Jehova soll gelueft ginn!«
„Et gëtt e Frënd, dee méi fest zu engem hält ewéi e Brudder“ (Sprüche 18:24)