GESCHICHT 32
De Mann, deen d’Vollek elo féiert, an zwou couragéiert Fraen
De Josua huet Jehova säi Vollek jorelaang gefouert a stierft am Alter vun 110 Joer. Esoulaang wéi hie gelieft huet, hunn d’Israelitte Jehova gedéngt. Mee elo fänke si un, Gëtzen ze déngen geneesou wéi d’Kanaanitter. Well si Jehova net méi follegen, léisst hien zou, datt e kanaanitesche Kinnek, de Jabin, hinnen d’Liewe schwéier mécht. D’Israelitte froe Jehova verzweifelt ëm Hëllef. Dowéinst gëtt Jehova hinnen en neie Mann, fir d’Vollek ze féieren. Hien heescht Barak. Hie soll dem Vollek hëllefen, erëm Jehova ze déngen.
D’Debora, eng Prophéitin, rifft de Barak bei sech. Hatt huet e Message vu Jehova fir hien: »Huel 10 000 Männer mat a géi bei de Floss Kischon. Do trëffs du op dem Jabin seng Arméi an du wäerts géint de Sisera, de Chef vum Jabin senger Arméi, gewannen.« De Barak äntwert dem Debora: »Ech ginn, awer nëmme wann s du matkënns.« Hatt seet: »Ech komme mat, mee du bass net deen, deen de Sisera ëmbréngt. Jehova huet gesot, datt eng Fra hien ëmbréngt.«
D’Debora geet mam Barak a senger Arméi op de Bierg Tabor erop. Do bereede si sech op de Kampf vir. Wéi de Sisera dovun héiert, versammelt hie seng Truppen a Krichsween ënnen am Dall. D’Debora seet zum Barak: »Haut ass den Dag, wou Jehova dir hëlleft ze gewannen.« De Barak a seng 10 000 Männer stiermen de Bierg erof, genee op dem Sisera seng staark Arméi duer.
Jehova suergt dann dofir, datt de Kischon alles iwwerschwemmt. Dem Sisera seng Krichsween bleiwen am Bulli stiechen. De Barak a seng Zaldote gewanne géint dem Sisera seng Arméi. Awer de Sisera spréngt vu sengem Won erof a leeft fort. Hie verstoppt sech am Zelt vun enger Fra. Si heescht Jael. Si gëtt him Mëllech ze drénken a leet eng Decken op hien. De Sisera ass doudmidd a schléift an. Da schläicht si sech lues un hien erun a schléit him en Zeltpoul an de Kapp an hie stierft.
Op der Sich nom Sisera kënnt de Barak beim Jael sengem Zelt laanscht. Hatt kënnt eraus a seet: »Komm. Ech weisen dir de Mann, deen s du sichs.« De Barak geet an d’Zelt a gesäit de Sisera dout do leien. De Barak an d’Debora éiere Jehova duerch e Lidd, well hien den Israelitte gehollef huet, géint hir Feinden ze gewannen. Ab elo huet Israel 40 Joer laang Fridden.
„D’Fraen, déi d’gutt Noriicht verkënnegen, sinn eng grouss Arméi“ (Psalm 68:11)