Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 34 S. 84-S. 85 Abs. 2
  • De Gideon gewënnt géint d’Midianitter

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • De Gideon gewënnt géint d’Midianitter
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Wat d’Älteste vum Gideon léiere kënnen
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2023
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 34 S. 84-S. 85 Abs. 2
De Gideon a seng Männer blosen an d’Haren, zerschloen d’Kréi, wénke mat Fakelen a jäizen

GESCHICHT 34

De Gideon gewënnt géint d’Midianitter

Mat der Zäit verloossen d’Israelitten erëm Jehova a biede falsch Gëtter un. Siwe Joer laang klauen d’Midianitter hir Déieren a maachen alles futti, wat op hire Felder wiisst. D’Israelitte lafe virun de Midianitter fort a verstoppe sech an Hölen an an de Bierger. Verzweifelt froe si Jehova, datt hien si rette soll. Dowéinst schéckt Jehova en Engel bei e jonke Mann, de Gideon. Den Engel seet: »Jehova huet dech ausgewielt. Du gëss e staarke Krichsmann.« De Gideon freet: »Wéi soll ech Israel retten? Ech sinn dach esou onwichteg!«

De Gideon wëll sécher sinn, datt Jehova hien ausgewielt huet. Dofir leet hie Schofswoll op de Buedem a seet zu Jehova: »Wann d’Woll muer de Moien naass ass, de Buedem awer dréchen, da weess ech, datt s du Israel duerch mech rette wëlls.« Den nächste Moien ass d’Woll plätschnaass, awer de Buedem ass dréchen. Da biet de Gideon, datt den nächste Moien d’Woll dréche bleift an de Buedem naass ass. Wéi dat geschitt, ass de Gideon sech endlech sécher, datt Jehova hien ausgewielt huet. Hie rifft seng Zaldoten zesummen, fir géint d’Midianitter ze kämpfen.

Jehova erkläert dem Gideon: »Ech loossen d’Israelitte gewannen. Well dir awer esou vill Zaldoten hutt, kéint dir denken, datt dir de Kampf ouni meng Hëllef gewonnen hätt. So all deenen, déi Angscht hunn, si sollen heemgoen.« Doropshi ginn 22 000 Zaldoten heem an 10 000 bleiwen. Da seet Jehova: »Et sinn der nach ëmmer ze vill. Bréng si bei d’Baach a so hinnen, si sollen draus drénken. Behal just déi zeréck, déi beim Drénken oppassen, ob e Feind kënnt.« Nëmmen 300 Männer passe beim Drénken op. Jehova versprécht, datt dës puer Männer géint déi 135 000 Midianitter gewannen.

An där Nuecht seet Jehova zum Gideon: »Elo ass et un der Zäit, d’Midianitter unzegräifen.« De Gideon gëtt senge Männer Haren a grouss Kréi mat enger Fakel dran. Hie seet hinnen: »Kuckt mir no a maacht et geneesou wéi ech.« De Gideon bléist a säin Har, zerschléit de Krou, wénkt mat der Fakel a rifft: „D’Schwäert vu Jehova a vum Gideon!“ Seng 300 Männer maachen et him no. D’Midianitter kréie schrecklech Angscht a renne panesch an all Richtung. An deem ganze Chaos gräife si sech géigesäiteg un. Erëm eng Kéier hëlleft Jehova den Israelitten, géint hir Feinden ze gewannen.

Midianittesch Zaldoten hu schrecklech Angscht

„Fir datt däitlech gëtt, datt déi Kraaft, déi méi wäit geet, wéi dat, wat normal ass, vu Gott kënnt an net vun eis“ (2. Korinther 4:7)

Froen: Wéi weist Jehova dem Gideon, datt hien en ausgewielt huet? Firwat huet dem Gideon seng Arméi nëmmen 300 Zaldoten?

Richter 6:1–16; 6:36–7:25; 8:28

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen