Aféierung an den Deel 9
Mir léieren elo jonk Mënschen, Prophéiten a Kinneke kennen, déi en aussergewéinlecht Vertrauen a Jehova hunn. En israelittescht Meedchen a Syrien gleeft fest dorun, datt Jehova säi Prophéit den Naaman heele kann. De Prophéit Elisa vertraut voll dorop, datt Jehova hie virun enger feindlecher Arméi beschützt. Den Ieweschte Priister Jehojada riskéiert säi Liewen, fir de klenge Joas viru senger béiser Groussmamm Athalja ze schützen. De Kinnek Hiskia gëtt net kleng bäi, wéi hie vun den Assyrer bedrot gëtt a vertraut dorop, datt Jehova Jerusalem rett. De Kinnek Josia eliminéiert am Land déi falsch Ubiedung, renovéiert den Tempel an hëlleft dem Vollek, Jehova nees ze déngen.