GESCHICHT 59
Véier Jonge lauschteren op Jehova
Den Nebukadnezar hëlt Leit vu Juda, déi aus wichtege Famillje kommen, mat op Babylon. En héije Beamten, den Aschpenas, soll ënnert hinnen déi gesondsten a gescheitste Jongen eraussichen. Hie soll dofir suergen, datt si dräi Joer laang ausgebilt ginn, fir wichteg Beamten a Babylon kënnen ze ginn. Si sollen Akkadesch, d’Sprooch vu Babylon, liesen, schreiwen a schwätze kënnen. Vun hinne gëtt och erwaart, datt si dat selwecht iessen ewéi de Kinnek a seng Leit. Véier vun dëse Jonge sinn den Daniel, den Hananja, de Mischael an den Asarja. Den Aschpenas gëtt hinne babylonesch Nimm: Beltschazzar, Schadrach, Meschach an Abednego. Féiert dës Ausbildung dozou, datt si ophalen, Jehova ze déngen?
Déi véier Jongen huelen sech fest vir, op Jehova ze lauschteren. Si wëssen, datt si d’Iesse vum Kinnek net iesse sollen. Am Gesetz vu Jehova steet nämlech, datt munches dovun onreng ass. Dofir soen si zum Aschpenas: »Wannechgelift forcéier eis net, d’Iesse vum Kinnek z’iessen.« Den Aschpenas äntwert: »Wann dir net dovun iesst, an dir gesitt krank aus, da bréngt de Kinnek mech ëm!«
Den Daniel huet eng Iddi. Hie seet zu deem, deen d’Opsiicht iwwer si huet: »Gëff eis wannechgelift wärend 10 Deeg nëmme Geméis a Waasser. Vergläich eis da mat de Jongen, déi dat selwecht iessen ewéi de Kinnek.« Hien ass domat averstanen.
No den 10 Deeg gesinn den Daniel a seng dräi Frënn méi gesond aus ewéi all déi aner Jongen. Jehova freet sech, datt si op hie gelauschtert hunn. Hie schenkt dem Daniel esouguer d’Weisheet, fir d’Bedeitung vun Dreem a Visiounen ze verstoen.
Wéi d’Ausbildung eriwwer ass, bréngt den Aschpenas d’Jonge bei den Nebukadnezar. De Kinnek schwätzt mat hinnen a gesäit, datt den Daniel, den Hananja, de Mischael an den Asarja méi intelligent a méi op Zack sinn ewéi all déi aner Jongen. Dowéinst wielt hien dës véier aus, fir Beamten op sengem Haff ze ginn. De Kinnek freet si bei wichtege Saachen oft ëm Rot. Jehova huet si méi gescheit gemaach ewéi all déi gescheit Beroder an Zauberer vum Kinnek.
Den Daniel, den Hananja, de Mischael an den Asarja mussen zwar an engem frieme Land liewen, awer si hunn ni vergiess, datt si zu Jehova sengem Vollek gehéieren. Wëlls du och ëmmer u Jehova denken, esouguer wann deng Elteren net dobäi sinn?
„Et soll ni ee wéinst denger Jugend op dech erofkucken. Sief dogéint e Virbild fir déi Trei am Schwätzen, am Verhalen, an der Léift, am Glawen an duerch en anstännegt Behuelen“ (1. Timotheus 4:12)