Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 58 S. 140-S. 141 Abs. 3
  • Jerusalem gëtt zerstéiert

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Jerusalem gëtt zerstéiert
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Die messianische Prophezeiung von der majestätischen Zeder
    Die reine Anbetung Jehovas – endlich wiederhergestellt!
  • Hesekiel und sein Umfeld
    Die reine Anbetung Jehovas – endlich wiederhergestellt!
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 58 S. 140-S. 141 Abs. 3
Jerusalem an den Tempel brennen

GESCHICHT 58

Jerusalem gëtt zerstéiert

D’Mënschen a Juda verloossen ëmmer nees Jehova a biede falsch Gëtter un. Jehova versicht wärend ville Joren, hinnen ze hëllefen. Hie schéckt vill Prophéiten, fir se ze warnen. Awer amplaz ze lauschteren, maachen si de Geck mat hinnen. Wéi mécht Jehova der Ubiedung vu Gëtzen en Enn?

Den Nebukadnezar, de Kinnek vu Babylon, erobert ee Land no deem aneren. Déi éischte Kéier wéi hie Jerusalem erobert, hëlt hien de Kinnek Jojachin, d’Leit vun der Regierung, d’Zaldoten an d’Handwierker gefaangen a bréngt se all op Babylon. Hien hëlt och all d’Schätz aus Jehova sengem Tempel mat. Da mécht den Nebukadnezar den Zedekia zum Kinnek vu Juda.

Am Ufank follegt den Zedekia dem Kinnek Nebukadnezar. D’Nopeschnatiounen an déi falsch Prophéite ginn dem Zedekia awer de Rot, géint Babylon ze rebelléieren. Awer de Jeremia warnt hien: »Wann s du rebelléiers, wäert et a Juda Krankheet, Honger a Mord ginn.«

No aacht Joer, wou den Zedekia regéiert, entscheet hien, géint Babylon ze rebelléieren. Hie freet d’Ägypter ëm Hëllef. Doropshi schéckt den Nebukadnezar seng Arméi, fir Jerusalem unzegräifen an ze belageren. De Jeremia erkläert dem Zedekia: »Jehova seet: ›Wann s du dech Babylon ergëss, iwwerliefs du an d’Stad gëtt gerett. Mee wann s du dech net ergëss, da verbrennen d’Baylonier ganz Jerusalem an huelen dech gefaangen.‹« Den Zedekia seet: »Ech ergi mech net!«

Annerhalleft Joer méi spéit duerchbrécht déi babylonesch Arméi d’Mauere vu Jerusalem a setzt d’Stad a Brand. D’Babylonier verbrennen den Tempel, maache vill Leit dout an huelen Dausende vu Mënschen als Prisonéier mat.

Den Zedekia leeft aus Jersualem fort, awer d’Babylonier rennen him hannendrun. Si huelen hien an der Géigend vu Jericho fest a bréngen hie bei den Nebukadnezar. Den Zedekia muss nokucken, wéi seng Jongen dout gemaach ginn. An hie selwer gëtt blann gemaach. Hie gëtt an de Prisong gehäit, wou hien da schlussendlech stierft. Awer Jehova versprécht dem Vollek vu Juda: »A 70 Joer bréngen ech iech erëm zeréck op Jerusalem.«

Wat geschitt mat de Kanner an Teenager, déi als Prisonéier op Babylon bruecht ginn? Bleiwe si Jehova trei?

„Jehova Gott, du Allmächtegen, wouer a gerecht sinn deng Urteeler“ (Offenbarung 16:7)

Froen: Wien ass den Nebukadnezar? Wat mécht hie mat Jerusalem? Wien ass den Zedekia?

2. Könige 24:1, 2, 8-20; 25:1-24; 2. Chronika 36:6-21; Jeremia 27:12-14; 29:10, 11; 38:14-23; 39:1-9; Hesekiel 21:27

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen