Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 55 S. 132
  • Jehova säin Engel beschützt den Hiskia

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Jehova säin Engel beschützt den Hiskia
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 55 S. 132
En Engel gräift d’Lager vun den Assyrer un

GESCHICHT 55

Jehova säin Engel beschützt den Hiskia

D’assyresch Weltmuecht huet d’Kinnekräich Israel, dat aus 10 Stämm besteet, erobert. Elo wëll de Sanherib, de Kinnek vun Assyrien, och d’Kinnekräich Juda, dat aus 2 Stämm besteet, eroberen. Hie fänkt un, d’Stied vu Juda anzehuelen, eng no der anerer. Awer virun allem wëll hie Jerusalem hunn. De Sanherib weess awer net, datt Jehova Jerusalem beschützt.

Den Hiskia, de Kinnek vu Juda, gëtt dem Sanherib vill Suen, fir datt hie Jerusalem mat Rou léisst. De Sanherib hëlt d’Suen un, schéckt awer trotzdeem seng staark Arméi, fir Jerusalem unzegräifen. D’Mënschen an der Stad hu vill Angscht, well d’Assyrer ëmmer méi no kommen. Den Hiskia seet hinnen: »Fäert net. D’Assyrer si staark, awer mat Jehova si mir méi staark.«

De Sanherib schéckt de Rabschake mat enger Noriicht op Jerusalem, fir de Geck mat hinnen ze maachen. De Rabschake steet virun der Stad a jäizt: »Jehova kann iech net hëllefen. Loosst iech net vum Hiskia uschmieren. Kee Gott kann iech virun eis beschützen!«

Den Hiskia freet Jehova, wat hie maache soll. Jehova äntwert: »Fäert net wéinst deem, wat de Rabschake seet. De Sanherib wäert Jerusalem net anhuelen.« Da kritt den Hiskia Bréiwer vum Sanherib, an deene steet: »Gëff dach einfach op! Jehova kann dech net retten.« Doropshi biet den Hiskia: »Jehova, rett eis wannechgelift, fir datt jidderee gesäit, datt s du den eenzeg richtege Gott bass.« Jehova seet zu him: »De Kinnek vun Assyrie kritt Jerusalem net, well ech beschütze meng Stad.«

De Sanherib ass sech sécher, datt Jerusalem geschwënn him gehéiert. An där Nuecht schéckt Jehova säin Engel an d’Lager vun den Assyrer. Den Engel mécht 185 000 Zaldoten dout! De Kinnek Sanherib verléiert seng bescht Zaldoten. Elo bleift him näischt anescht iwwereg, wéi heemzegoen. Jehova huet Jerusalem an den Hiskia beschützt, esou wéi hien et versprach hat. Wann s du deemools zu Jerusalem gewiescht wiers, häss du op Jehova vertraut?

„Jehova säin Engel ass ronderëm déijéineg, déi déiwe Respekt virun him hunn, a befreit si“ (Psalm 34:7)

Froen: Wéi beschützt Jehova Jerusalem? Mengs du, datt Jehova dech och beschütze kann?

2. Könige 17:1-6; 18:13-37; 19:1-37; 2. Chronika 32:1-23

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen