GESCHICHT 54
Jehova ass gedëlleg mam Jona
An der assyrescher Stad Ninive sinn d’Leit béis. Jehova seet sengem Prophéit Jona op Ninive ze goen an de Leit ze soen, datt si sech ännere sollen. Awer de Jona leeft fort. Hie geet op e Schëff, dat op Tarschisch fiert, also genee an déi aner Richtung.
Um Mier kënnt e staarke Stuerm op an d’Matrousen hu schrecklech vill Angscht. Si ruffen zu hire Gëtter ëm Hëllef a froe sech: »Firwat geschitt eis dat?« Schlussendlech gëtt de Jona zou: »Et ass meng Schold. Ech wollt net dat maachen, wat Jehova mir gesot huet, a si fortgelaf. Geheit mech an d’Mier, dann hält de Stuerm op.« D’Matrouse wëllen dat zwar net maachen, awer et bleift hinnen näischt anescht iwwereg. Si geheien de Jona an d’Mier an de Stuerm hält op.
De Jona mengt, hie géif stierwen. Hie geet ëmmer méi ënner a biet zu Jehova. Jehova schéckt e risege Fësch, deen de Jona ofschléckt. Awer him geschitt näischt. Am Fësch biet de Jona: »Ech verspriechen dir, ëmmer ze follegen.« Wärend den dräi Deeg, wou de Jona am Fësch ass, hält Jehova hien um Liewen. Da mécht hien, datt de Jona vum Fësch op dréchent Land erausgespäizt gëtt.
Jehova huet de Jona gerett. Brauch de Jona elo net méi op Ninive ze goen? Dach. Jehova seet dem Jona nach eng Kéier dohinzegoen. An dës Kéier follegt hien. Hie geet op Ninive a seet zu deene béise Leit: »A 40 Deeg gëtt Ninive zerstéiert.« Da geschitt eppes, mat deem kee gerechent huet – d’Ninivitte lauschteren op dës Warnung an ännere sech. De Kinnek vun Ninive seet zu sengem Vollek: »Biet zu Gott a bereit. Vläicht verschount hien eis dann.« Wéi Jehova gesäit, datt d’Ninivitte bereien, vernicht hien si net.
De Jona ass rosen, well d’Stad net zerstéiert gëtt. Stell dir mol vir: Jehova gëtt dem Jona eng zweet Chance, awer de Jona wëll den Ninivitte keng zweet Chance ginn. De Jona geet aus der Stad eraus a setzt sech an de Schied vun enger Planz a motzt. Wéi d’Planz futtigeet, gëtt de Jona erëm rosen. Jehova seet dann zum Jona: »Et deet dir méi Leed fir déi Planz ewéi fir d’Ninivitten. Ech hunn hinnen eng zweet Chance ginn an dofir liewen si elo nach.« Wat wëll Jehova dem Jona domat soen? Fir Jehova sinn d’Ninivitte vill méi wichteg ewéi iergendeng Planz.
„Jehova … ass gedëlleg mat iech, well hie wëll net, datt iergendee vernicht gëtt, mee datt jidderee bereit“ (2. Petrus 3:9)