GESCHICHT 47
Jehova këmmert sech ëm den Elia
D’Isebel héiert, wat mat de Prophéite vum Baal geschitt ass a gëtt immens rosen. Hatt léisst dem Elia soen: »Muer bass du dout, geneesou wéi d’Prophéite vum Baal.« Den Elia huet ganz vill Angscht a leeft fort an d’Wüüst. Hie biet: »Jehova, ech kann net méi. Looss mech dach einfach stierwen.« Den Elia ass esou midd, datt hien ënner engem Bam aschléift.
En Engel erwächt hien a seet léif: „Stéi op an iess.“ Den Elia gesäit e ronnt Brout op waarme Steng an e Krou mat Waasser. Hien ësst an drénkt a schléift erëm an. Méi spéit mécht den Engel hien nach eng Kéier wakereg a seet: »Iess eppes. Du brauchs Kraaft fir deng Rees.« Nodeems den Elia giess huet, reest hie wärend 40 Deeg a 40 Nuechten, bis bei de Bierg Horeb. Do ukomm, geet den Elia an eng Höl fir ze schlofen. Mee Jehova mécht sech Suergen ëm hien a freet: „Wat méchs du hei, Elia?“ Den Elia äntwert: »D’Israelitten hunn dir eppes versprach a sech net dru gehalen. Si hunn deng Altär futti gemaach an deng Prophéiten dout gemaach. An elo probéieren si mech och ëmzebréngen.«
Jehova seet zu him: »Géi aus der Höl eraus a bleif do stoen.« Jehova weist him elo seng Muecht a léisst e staarke Stuerm virun der Höl blosen. Dono kënnt en Äerdbiewen a Feier. Zum Schluss héiert den Elia eng roueg an duuss Stëmm. Hien hält de Mantel viru säi Gesiicht a stellt sech virun d’Höl. Jehova freet hien dunn: »Firwat bass du fortgelaf?« Den Elia seet: »Ech sinn deen Eenzegen, deen iwweregbliwwen ass an dir nach déngt.« Mee Jehova äntwert him: »Du bass net eleng. An Israel ginn et nach 7000 Mënschen, déi mir trei déngen. Géi a maach den Elisa an denger Plaz zum Prophéit.« Den Elia mécht sech direkt op de Wee, fir dat ze maachen, wat Jehova him sot. Wat léiere mir vum Elia? Wa mir dat maachen, wat Jehova wëll, da këmmert hien sech ëm eis. Kucke mir eis elo un, wat nach wärend der Dréchent geschitt ass.
„Maacht iech keng Suergen, mee frot Gott an all Situatioun am Gebiet intensiv ëm Hëllef a sot him och ëmmer Merci“ (Philipper 4:6)