Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 46 S. 112-S. 113 Abs. 1
  • Wat um Bierg Karmel geschitt

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat um Bierg Karmel geschitt
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Jehova këmmert sech ëm den Elia
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 46 S. 112-S. 113 Abs. 1
D’Feier vu Jehova verbrennt dem Elia säin Affer

GESCHICHT 46

Wat um Bierg Karmel geschitt

D’Kinnekräich vun den zéng Stämm hat vill schlecht Kinneken. Awer den Ahab ass ee vun deene schlëmmsten. Hie bestit dat béist Isebel, dat de Gott Baal ubiet. Si maachen, datt de falsche Gott Baal am ganze Land ugebiet gëtt a bréngen d’Prophéite vu Jehova ëm. Wat mécht Jehova dogéint? Hie schéckt de Prophéit Elia mat enger Noriicht bei den Ahab.

Den Elia seet dem Kinnek Ahab: »Well s du esou schlecht bass, reent et an Israel net méi.« Méi ewéi dräi Joer reent et net. Et ass alles dréchen, op de Felder wiisst näischt méi an d’Mënschen hunn Honger. Wéi Jehova den Elia nees bei den Ahab schéckt, seet de Kinnek: »Du méchs nëmme Problemer! Dat ass alles deng Schold!« Den Elia äntwert: »Meng Schold? Et ass deng Schold! Et ass alles dréchen, well s du de Baal ubiets. Mir maachen elo een Test fir erauszefannen, wien de richtege Gott ass. Looss d’Vollek an d’Prophéite vum Baal op de Bierg Karmel kommen.«

Wéi d’Vollek um Bierg Karmel zesummekënnt, seet den Elia: »Decidéiert iech! Wa Jehova de richtege Gott ass, dann déngt him. Ass et awer de Baal, dann déngt dem Baal. Ech proposéieren dat hei: Déi 450 Prophéite vum Baal sollen en Affer preparéieren an hire Gott ruffen. Ech preparéieren och en Affer a bieden zu Jehova. Dee Gott, dee mat Feier äntwert, ass de richtege Gott.« An d’Vollek fënnt dat eng gutt Iddi.

D’Prophéite vum Baal preparéieren hiert Affer. Si ruffen de ganzen Dag: „O Baal, äntwer eis!“ Awer et geschitt näischt. Do mécht den Elia de Geck mam Baal a seet: »Vläicht schléift hien. Rufft nach méi haart fir ze kucken, ob hie wakereg gëtt.« Et gëtt schonn däischter an d’Prophéite vum Baal jäize riicht weider. Awer et geschitt nach ëmmer näischt.

Elo leet den Elia säin Affer op den Altor, schëtt Waasser drop a biet: »O Jehova, weis dem Vollek wannechgelift, datt s du de richtege Gott bass.« Direkt léisst Jehova Feier vum Himmel falen a verbrennt d’Affer. Elo ass d’Vollek iwwerzeegt a rifft: „Jehova ass de richtege Gott!“ Den Elia seet: »Loosst d’Prophéite vum Baal net fortlafen!« Deen Dag ginn déi 450 Prophéite vum Baal dout gemaach.

Iwwer dem Mier ass elo eng kleng Wollek ze gesinn. Den Elia seet dem Ahab: »Do kënnt en déckt Donnerwieder. Sprang op däi Won a maach dech séier heem.« D’Wolleke ginn ëmmer méi däischter, de Wand bléist an da fänkt et u mat schëdden. Endlech ass et net méi dréchen. Den Ahab fiert esou séier ewéi hie kann. Awer mat der Hëllef vu Jehova rennt den Elia nach méi séier an iwwerhëlt hien! Huet den Elia elo keng Problemer méi? Mir wäerte gesinn.

„D’Mënsche solle wëssen, datt däin Numm Jehova ass, an datt s du eleng, den Allerhéchste bass iwwer déi ganz Äerd“ (Psalm 83:18)

Froen: Wat geschitt um Bierg Karmel? Wéi beäntwert Jehova dem Elia säi Gebiet?

1. Könige 16:29-33; 17:1; 18:1, 2, 17-46; Jakobus 5:16-18

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen