Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 37 S. 90-S. 91 Abs. 1
  • Jehova schwätzt mam Samuel

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Jehova schwätzt mam Samuel
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 37 S. 90-S. 91 Abs. 1
De Samuel mécht d’Diere vum Zelt vun der Versammlung op

GESCHICHT 37

Jehova schwätzt mam Samuel

Den Ieweschte Priister Eli huet zwee Jongen, den Hophni an de Pinehas. Si déngen als Priister am Zelt vun der Versammlung. Mee si halen sech net u Jehova seng Gesetzer a behandelen d’Vollek ganz schlecht. Wann d’Israelitten Affer fir Jehova bréngen, huelen den Hophni an de Pinehas déi beschte Stécker Fleesch fir sech selwer. Den Eli weess, wat seng Jonge maachen, ënnerhëlt awer näischt dogéint. Léisst Jehova dat weider zou?

De Samuel ass vill méi jonk ewéi den Hophni an de Pinehas, an trotzdeem hëlt hien sech kee Beispill un hinnen. Jehova freet sech iwwer de Samuel. Enges Daags, wéi de Samuel schléift, héiert hien op eemol eng Stëmm, déi hie rifft. Hie spréngt aus dem Bett, rennt bei den Eli a seet: „Hei sinn ech.“ Mee den Eli seet: „Ech hunn dech net geruff. Géi zeréck an däi Bett.“ De Samuel geet zeréck a säi Bett. Da geschitt dat Ganzt eng zweete Kéier. Wéi de Samuel d’Stëmm eng drëtte Kéier héiert, realiséiert den Eli, datt et Jehova ass, deen de Samuel rifft. Hie seet dem Samuel: »Wann s du d’Stëmm nach eng Kéier héiers, dann äntwer: ›Schwätz, Jehova, däin Dénger lauschtert no.‹«

De Samuel erzielt dem Eli, wat Jehova him gesot huet

De Samuel geet zeréck an d’Bett. Dann héiert hien d’Stëmm nach eng Kéier: „Samuel! Samuel!“ Hien äntwert: „Schwätz, däin Dénger lauschtert no.“ Jehova seet him: »So dem Eli, datt ech hien a seng Famill bestrofen. Hie weess, datt seng Jonge schlecht Saachen a mengem Zelt vun der Versammlung maachen, mee hie mécht näischt dogéint.« Den nächste Moie mécht de Samuel wéi ëmmer d’Diere vum Zelt vun der Versammlung op. Hien traut sech net dem Ieweschte Priister ze erzielen, wat Jehova him gesot huet. Mee den Eli rifft de Samuel bei sech a freet: »Samuel, wat huet Jehova zu dir gesot? So mir alles.« Dann erzielt de Samuel dem Eli alles.

Och wéi de Samuel méi grouss gëtt, ass Jehova weider fir hien do. Am ganze Land ass et fir d’Israelitte kloer, datt Jehova hien als Riichter a Prophéit ausgewielt huet.

„Denk also un däi grousse Schëpfer an denger Jugend“ (Prediger 12:1)

Froen: Wéi ënnerscheet sech de Samuel vum Hophni a Pinehas? Wat seet Jehova zum Samuel?

1. Samuel 2:12-17, 22-26; 3:1-21; 7:6

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen