Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 36 S. 88-S. 89 Abs. 1
  • Dem Jephtha säi Verspriechen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Dem Jephtha säi Verspriechen
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 36 S. 88-S. 89 Abs. 1
De Jephtha zerrappt säi Gewand, wéi säi Meedchen op hien duerkënnt

GESCHICHT 36

Dem Jephtha säi Verspriechen

Alt erëm verloossen d’Israelitte Jehova a biede falsch Gëtter un. Awer dës Gëtter hëllefen den Israelitten net, wéi d’Amonitter si ugräifen. Den Israelitte geet et jorelaang ganz schlecht. Schlussendlech soe si zu Jehova: »Mir hu gesënnegt. Wannechgelift rett eis virun eise Feinden.« D’Israelitte maachen hir Gëtze futti a biede Jehova nees un. Jehova verdréit et net, si nach méi laang leiden ze gesinn.

De Jephtha, e Krichsmann, gëtt ausgewielt, fir d’Vollek am Kampf géint d’Ammonitter unzeféieren. Hie versprécht Jehova: »Wann s du eis hëllefs, de Kampf ze gewannen, da ginn ech dir déi éischt Persoun, déi mir entgéintkënnt, wann ech heemkommen.« Jehova lauschtert op dem Jephtha säi Gebiet an hëlleft him, de Kampf ze gewannen.

Da kënnt de Jephtha heem. A wien ass déi éischt Persoun, déi him entgéintkënnt? Säi Meedchen, säin eenzegt Kand. Hatt danzt a spillt Tamburin. Wat mécht de Jephtha elo? Hien denkt u säi Verspriechen a seet: »O Nee, mäi Meedchen! Du bréchs mir mäin Häerz! Ech hu Jehova eppes versprach. An elo muss ech dech op Silo schécken, fir datt s du beim Zelt vun der Versammlung déngs.« Awer säi Meedche seet zu him: »Papp, wann s du Jehova eppes versprach hues, da muss du dech och dorun halen. Ech froen dech just ëm eng Saach: Looss mech mat menge Frëndinnen zwee Méint an d’Bierger goen. Dono ginn ech op Silo.« Dem Jehphta säi Meedchen déngt säi ganzt Liewen trei beim Zelt vun der Versammlung. Seng Frëndinne kommen hatt all Joer op Silo besichen.

Frëndinne vum Jephtha sengem Meedche besichen hatt beim Zelt vun der Versammlung

„Wie Jong oder Duechter léiwer huet wéi mech, ass menger net wäert“ (Matthäus 10:37, BFL)

Froen: Wat versprécht de Jephtha? Wéi reagéiert dem Jephtha säi Meedchen op säi Verspriechen?

Richter 10:6–11:11; 11:29-40; 1. Samuel 12:10, 11

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen