GESCHICHT 35
D’Hanna biet ëm e Jong
Den Israelitt Elkana huet zwou Fraen, d’Hanna an d’Peninna, mee hien ass méi frou mam Hanna. D’Peninna huet vill Kanner a mécht andauernd de Geck mam Hanna, well hatt keng Kanner huet. Den Elkana reest all Joer mat senger Famill op Silo, fir Jehova beim Zelt vun der Versammlung unzebieden. Do mierkt hien enges Daags, datt säi léift Hanna immens traureg ass. Hie seet: »Wannechgelift kräisch net, Hanna. Du hues dach mech. Ech hunn dech gär!«
Méi spéit biet d’Hanna fir sech eleng. Hatt kann einfach net ophale mat kräischen. Hatt freet Jehova verzweifelt, him ze hëllefen a versprécht: »Jehova, wann s du mir e Jong gëss, da wëll ech hien dir ginn an hie soll dir säi Liewe laang déngen.«
Den Ieweschte Priister Eli gesäit d’Hanna schrecklech kräischen an denkt, datt hatt voll wier. D’Hanna seet: »Nee, mäin Här, ech sinn net voll. Ech si ganz verzweifelt an erziele Jehova alles.« Den Eli mierkt, datt hie sech geiert huet a seet: »Ech wënschen dir, datt Jehova dir däi Wonsch erfëllt.« D’Hanna fillt sech besser a geet fort. Manner ewéi ee Joer dono kritt hatt e Jong an nennt hie Samuel. Kanns du dir virstellen, wéi frou d’Hanna elo ass?
D’Hanna vergësst net, wat hatt Jehova versprach huet. Soubal hatt opgehalen huet de Samuel ze nieren, bréngt hatt hie bei d’Zelt vun der Versammlung, fir do ze déngen. Hatt seet dem Eli: »Dat heiten ass de Jong, ëm deen ech gebiet hunn. Hie soll säi Liewe laang Jehova gehéieren.« Den Elkana an d’Hanna besichen de Samuel all Joer a bréngen him en neie Mäntelchen ouni Äerm. Jehova schenkt dem Hanna nach dräi Jongen an zwee Meedercher.
„Frot ëmmer erëm an da kritt dir, sicht ëmmer weider an da fannt dir“ (Matthäus 7:7)