Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwbq Artikel 77
  • Wat ass mat der Operstéiung gemengt?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ass mat der Operstéiung gemengt?
  • Äntwerten op Froen zu der Bibel
  • Ënnertitel
  • D’Äntwert aus der Bibel
Äntwerten op Froen zu der Bibel
ijwbq Artikel 77
D’Operstéiung an der Zukunft: D’Mënschen heeschen hir léif Frënn a Famill am Paradis op der Äerd wëllkomm

Wat ass mat der Operstéiung gemengt?

D’Äntwert aus der Bibel

D’Wuert Operstéiung, dat an der Bibel gebraucht gëtt, kënnt vum griichesche Wuert anástasis. Et bedeit „opriichten“ oder „erëm opstoen“. Eng Persoun, déi eng Operstéiung kritt, steet vun den Doudegen op a kënnt erëm zum Liewen, als déi nämlecht Persoun, déi si virdru war (1. Korinther 15:12, 13).

D’Wuert „Operstéiung“ kënnt an den Hebräesche Schrëften (och Aalt Testament genannt) net vir, mee trotzdeem gëtt vun der Hoffnung op eng Operstéiung geschwat. Zum Beispill versprécht Gott duerch de Prophéit Hosea: „Aus der Hand vum Graf befreien ech si. Vum Doud huelen ech si zeréck“ (Hosea 13:14; Hiob 14:13-15; Jesaja 26:19; Daniel 12:2, 13).

Wou ass d’Operstéiung? Verschidde Mënsche kréien eng Operstéiung am Himmel, wou si mam Christus als Kinneke regéieren. (2. Korinther 5:1; Offenbarung 5:9, 10) D’Bibel nennt dat, déi „éischt Operstéiung“ oder déi „fréi Operstéiung“ (Offenbarung 20:6; Philipper 3:11). Dës zwou Expressioune weisen, datt et nach eng aner Operstéiung gëtt. D’Majoritéit vun de Leit profitéiert vun dëser zweeter Operstéiung. Dës Mënsche kënnen da fir ëmmer op der Äerd liewen (Psalm 37:29).

Wéi gesäit d’Operstéiung aus? Gott gëtt dem Jesus d’Muecht, déi Doudeg nees zum Liewen ze bréngen (Johannes 11:25). De Jesus wäert dann “all déi, déi an de Griewer sinn” erëm zum Liewe bréngen, jidderee mat senger eegener Identitéit, Perséinlechkeet a sengen Erënnerungen (Johannes 5:28, 29). Déijéineg, déi am Himmel operstinn, kréien en onsiichtbare Kierper a Mënschen, déi erëm hei op der Äerd operstinn, kréien e mënschlesche Kierper, esou wéi mir e kennen, awer komplett gesond (Jesaja 33:24; 35:5, 6; 1. Korinther 15:42-44, 50).

Wie kritt eng Operstéiung? D’Bibel seet, datt et eng Operstéiung gëtt „souwuel vun de Gerechten, wéi och vun den Ongerechten“ (Apostelgeschichte 24:15, BFL). Zu de Gerechte gehéieren trei Mënschen, wéi den Noah, d’Sara an den Abraham (1. Mose 6:9; Hebräer 11:11; Jakobus 2:21). Zu deenen Ongerechte gehéiere Mënschen, déi sech net u Gott seng Prinzippie gehalen hunn, well se keng Méiglechkeet haten, hie kennen ze léieren a sech un him ze orientéieren.

Par contre, Leit déi duerch an duerch schlecht sinn a sech ni wäerten änneren, kréie keng Operstéiung. Si bleiwe fir ëmmer dout, ouni Hoffnung, iergendwann erëm ze liewen (Matthäus 23:33; Hebräer 10:26, 27).

Wéini ass d’Operstéiung? D’Bibel huet virausgesot, datt d’Operstéiung am Himmel wärend der Präsenz vum Christus wier, déi 1914 ugefaangen huet (1. Korinther 15:21-23). D’Operstéiung op der Äerd fënnt an där Zäit statt, wou de Jesus fir 1000 Joer regéiert an d’Äerd zu engem Paradis gëtt (Lukas 23:43; Offenbarung 20:6, 12, 13).

Firwat kann een un d’Operstéiung gleewen? An der Bibel gëtt detailléiert vun néng Operstéiunge geschwat an allkéiers waren Aenzeien dobäi (1. Könige 17:17-24; 2. Könige 4:32-37; 13:20, 21; Lukas 7:11-17; 8:40-56; Johannes 11:38-44; Apostelgeschichte 9:36-42; Apostelgeschichte 20:7-12; 1. Korinther 15:3-6) Dem Lazarus seng Operstéiung ass besonnesch bemierkenswäert, well hie scho véier Deeg dout war, wéi de Jesus hien erëm zum Liewe bruecht huet. A vill Mënschen hu mat eegenen Ae gesinn, wéi hien aus dem Graf koum (Johannes 11:39, 42). Esouguer dem Jesus seng Géigner konnten dat net ofstreiden. Dofir wollte si de Jesus an de Lazarus ëmbréngen (Johannes 11:47, 53; 12:9-11).

Dräi Operstéiungen, déi an der Bibel virkommen: d’Kand vun enger Wittfra, eng Chrëschtin an dem Jesus säi Frënd, de Lazarus

D’Bibel weist, datt Gott net nëmmen d’Fäegkeet, mee och de Wonsch huet, déi Doudeg erëm zum Liewen ze bréngen. Säi Gediechtnes huet keng Limitten an dowéinst kann hien sech bis an de klengsten Detail u jiddereen erënneren (Hiob 37:23; Matthäus 10:30; Lukas 20:37, 38). Duerch seng onendlech Muecht, kann hien ouni Problem, déi Doudeg erëm zum Liewe bréngen – a genee dat wëll hien och. Wann d’Bibel vun der Operstéiung schwätzt, seet se vu Gott: „Du verlaangers no deem, wat deng Hänn gemaach hunn“ (Hiob 14:15).

Falsch Usiichten iwwer d’Operstéiung

Usiicht: Bei der Operstéiung gi Kierper a Séil nees zesummebruecht.

Fakt: D’Bibel léiert, datt d’Séil de ganze Mënsch ass an net eppes, wat nom Doud weiderlieft (1. Mose 2:7, Foussnout; Hesekiel 18:4). E Mënsch, deen eng Operstéiung kritt, gëtt net mat senger Séil zesummebruecht, mee seng Séil, dat heescht de ganze Mënsch, gëtt erëm vu Gott erschafen.

Usiicht: Munch Leit kréien eng Operstéiung, fir direkt dono erëm zum Doud verurteelt ze ginn.

Fakt: D’Bibel schwätzt dovun, datt „déi, déi Béises gemaach hunn“ eng „Operstéiung fir d’Geriicht“ kréien (Johannes 5:29). Si ginn dann op Basis vun deem geriicht, wat si no hirer Operstéiung maachen, an net opgrond vun deem, wat si virdru gemaach hunn. Jesus sot, datt „déi Doudeg d’Stëmm vu Gott sengem Jong héieren. A wien op si gelauschtert huet, lieft“ (Johannes 5:25). Jiddereen, deen no senger Operstéiung op dat „lauschtert“, wat e léiert a follegt kënnt an „d’Buchrull vum Liewen“ stoen” (Offenbarung 20:12, 13).

Usiicht: Déi, déi operstinn, kréie genee deselwechte Kierper, deen si virun hirem Doud haten.

Fakt: Nom Doud zersetzt sech de Kierper a mir ginn erëm zu Stëbs (Prediger 3:19, 20).

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen