Wat ass d’Séil?
D’Äntwert aus der Bibel
An der Bibel ass d’Wuert „Séil“ eng Iwwersetzung vum hebräesche Wuert néphesch a vum griichesche Wuert psychḗ. Dat hebräescht Wuert bedeit wuertwiertlech „e Wiesen, dat otemt“ an dat griichescht „e liewegt Wiesen“.a Mat der „Séil“ ass also dat ganzt Liewewiese gemengt an net eppes wat nom Doud de Kierper verléisst a weiderlieft. Kucke mir eis un, wéi d’Bibel weist, datt d’mënschlesch Séil, déi ganz Persoun ass:
Den Adam krut keng Séil – hie „gouf eng lieweg Séil“
Der Bibel no „wurde der Mensch eine lebende Seele“, wéi Jehova Gott den éischte Mann, den Adam, erschafen huet (1. Mose 2:7, Elberfelder Bibel). Den Adam krut also keng Séil, mee hie gouf eng lieweg Séil oder Persoun.
Der Bibel no kann d’Séil schaffen, Appetit hunn, iessen, Gesetzer follegen an duerch killt Waasser erfrëscht ginn (Elberfelder Bibel: 3. Mose 7:20; 23:30; 5. Mose 12:20; Römer 13:1; Schlachter: Sprüche 25:25). Fir dat ze maachen, muss de ganze Mënsch dru bedeelegt sinn.
Ass d’Séil onstierflech?
Nee, d’Séil ka stierwen. Dosende vu Bibeltexter weisen, datt d’Séil stierflech ass. Hei e puer Beispiller:
„Die Seele, die sündigt, soll sterben!“ (Hesekiel 18:4, 20, Schlachter)
Wat war am alen Israel d’Strof fir e schwéiert Verbriechen? „Diese Seele soll … abgeschnitten werden“ (2. Mose 12:15, 19; 3. Mose 7:20, 21, 27; 19:8; vergläich Schlachter an Elberfelder Bibel). Dat heescht d’Persoun soll mam Doud bestrooft ginn (2. Mose 31:14).
A munche Bibelverse gëtt d’Wuert „doudeg Séil“ gebraucht, fir de Kierper vun engem Doudegen ze beschreiwen (3. Mose 21:11, Foussnout; 4. Mose 6:6, Foussnout). Awer a ville Bibeliwwersetzunge ginn d’Wierder „Läich“ oder „Doudege“ benotzt, wou am hebräeschen Originaltext d’Wuert néphesch, respektiv „Séil“ steet.
„Séil“ ka „Liewe“ bedeiten
D’Bibel gebraucht d’Wuert „Séil“ och als Synonym fir „Liewen“. Zum Beispill gëtt am Hiob 33:22 dat hebräescht Wuert „Séil“ (néphesch), parallel mat „Liewe“ gebraucht. Änlech ass et wann d’Bibel dovu schwätzt, datt ee seng Séil riskéiert oder verléiert. Gemengt ass säi Liewen (2. Mose 4:19; Richter 9:17; Philipper 2:30).
Dowéinst wësse mir och, wéi 1. Mose 35:18 ze verstoen ass, wann do steet, datt „ihre Seele ausging“ oder „entschwand“ (Elberfelder Bibel, Schlachter). Domat ass gemengt, datt d’Liewe vun där Persoun eriwwer ass. Verschidden Iwwersetzunge ginn dësen Text esou erëm: „Wärend sengem leschten Otemzuch, éier d’Rachel gestuerwen ass“ (BFL), oder „Rahel spürte, dass es mit ihr zu Ende ging“ (Gute Nachricht Bibel).
Wouhier kënnt de Glawen un eng onstierflech Séil?
Chrëschtlech Reliounen, déi un eng onstierflech Séil gleewen, hunn dës Léier net aus der Bibel, mee aus der aler griichescher Philosophie. Am Calwer Bibellexikon heescht et: „Als S[eele] ist der Mensch sterblich … Dies hängt mit der ganzheitlichen Sicht der Bibel vom Menschen zusammen. Die griech., von Plato bestimmte Trennung von vergänglichem Leib und unsterblicher S[eele] … ist dem bibl. Denken fremd.“ An engem anere Bibelkommentar ass ze liesen: „Das NT kennt keine ‚unsterbliche Seele‘, die abgesehen vom Leib denkbar wäre. … Ohne dass es uns bewusst ist, haben wir ein altes griech.-philosophisches Verständnis von ‚Seele‘ übernommen, das im Laufe der Zeit die bibl. Aussagen verdrängt hat“ (Biblisches Wörterbuch).
Gott akzeptéiert et absolut net, wa mir seng Léiere mat mënschleche Philosophië vermëschen. Dozou gehéiert och de Glawen un eng onstierflech Séil. D’Bibel warnt esouguer: „Gitt uecht, datt dir iech vu kengem duerch eidel an täuschent Philosophien afänke loosst. Déi beroue just op mënschlechen Traditiounen“ (Kolosser 2:8, BFL).
a Kuckt de Lexikon für Theologie und Kirche (1964), Band 9, Sp. 568, 569 an de Lexicon in Veteris Testamenti Libros (L. Koehler, W. Baumgartner), S. 627. Vill Bibeliwwersetzunge ginn d’Wierder néphesch a psychḗ je no Kontext mat „Séil“, „Liewen“, „Mënsch“, „Liewewiesen“ oder „Persoun“ erëm.