Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 63 S. 150-S. 151 Abs. 1
  • D’Schrëft un der Mauer

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • D’Schrëft un der Mauer
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 63 S. 150-S. 151 Abs. 1
Eng Hand schreift op d’Mauer

GESCHICHT 63

D’Schrëft un der Mauer

Elo ass de Belsazar Kinnek vu Babylon. Eng Kéier owes invitéiert hien dausend vun de wichtegste Leit aus dem Land op e Fest. Hie seet sengen Dénger, si sollen d’gëlle Becheren, déi den Nebukadnezar aus Jehova sengem Tempel geklaut huet, siche goen. De Belsazar a seng Gäscht drénken aus de Becheren a verherrlechen hir Gëtter. Op eemol ass eng Hand ze gesinn, déi geheimnisvoll Wierder op d’Mauer vum Festsall schreift.

De Belsazar huet immens Angscht. Hie rifft seng Zauberer a versprécht: »Wann een dës Wierder erkläre kann, maachen ech hien zur drëttwichtegster Persoun a Babylon.« Si probéieren et, mee kee vun hinne kann dës Wierder erklären. Da kënnt d’Kinnigin eran a seet: »Do gëtt et dach den Daniel. Fréier huet hien dem Nebukadnezar ëmmer Dreem a Räätselen erkläert. Hie kann dir dës Wierder erklären.«

Wéi den Daniel kënnt, seet de Belsazar zu him: »Wann s du dës Wierder liesen an erkläre kanns, ginn ech dir eng gëlle Ketten a maachen dech zur drëttwichtegster Persoun a Babylon.« Den Daniel seet: »Ech wëll deng Kaddoen net, awer ech erklären dir, wat dës Wierder bedeiten. Däi Papp, den Nebukadnezar, war stolz a Jehova huet hien erniddregt. Du weess, wat mat him geschitt ass. An trotzdeem hues du kee Respekt viru Jehova an hues Wäin aus de gëllene Bechere vum Tempel gedronk. Dofir huet Gott dës Wierder geschriwwen: MENE, MENE, TEKEL a PARSIN. Dës Wierder bedeiten, datt d’Meeder an d’Perser Babylon anhuelen an datt s du net méi Kinnek wäerts sinn.«

Dem Kinnek Cyrus seng Zaldote marschéieren duerch de Floss bei d’Paarte vu Babylon

Et schéngt, wéi wann et onméiglech wier, Babylon anzehuelen. D’Stad ass vun décke Maueren an engem déiwe Floss geschützt. Awer genee an dëser Nuecht gräifen d’Meeder an d’Perser Babylon un. De persesche Kinnek Cyrus leet de Floss ëm, fir datt seng Zaldoten direkt bei d’Paarte vun der Stad goe kënnen. Wéi si bei de Paarten ukommen, stinn déi grouss op! D’Arméi stiermt eran, hëlt d’Stad an a bréngt de Kinnek ëm. Den Cyrus gëtt elo Herrscher vu Babylon.

Am éischte Joer, wou hie regéiert, seet den Cyrus: »Jehova huet mir gesot, datt ech den Tempel zu Jerusalem erëm opbaue soll. Jidderee vu sengem Vollek, deen hëllefe wëll, dierf goen.« 70 Joer nodeems Jerusalem zerstéiert ginn ass, gi vill vun de Judden erëm heem – geneesou wéi Jehova et versprach huet. Den Cyrus gëtt d’Becheren aus Gold a Sëlwer an déi aner Saachen, déi den Nebukadnezar aus dem Tempel geklaut huet, erëm zeréck. Ass dir opgefall, wéi Jehova den Cyrus gebraucht huet, fir sengem Vollek ze hëllefen?

„Babylon, déi Grouss, ass gefall! Si ass gefall an ass eng Wunneng fir Dämone ginn“ (Offenbarung 18:2, BFL)

Froen: Wat bedeit d’Schrëft un der Mauer? Wéi een Optrag gëtt Jehova dem Cyrus?

Esra 1:1-11; Daniel 5:1-30; Jesaja 44:27–45:2; Jeremia 25:11, 12

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen