Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 45 S. 110-S. 111 Abs. 1
  • D’Kinnekräich gëtt gedeelt

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • D’Kinnekräich gëtt gedeelt
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 45 S. 110-S. 111 Abs. 1
Den Ahija zerrappt virum Jerobeam säi Mantel an 12 Stécker

GESCHICHT 45

D’Kinnekräich gëtt gedeelt

Esoulaang ewéi de Salomo Jehova trei ass, ass an Israel Fridden. Awer de Salomo bestit vill Fraen aus verschiddenen Natiounen, déi falsch Gëtter ubieden. Si beaflossen hien ëmmer méi a mat der Zäit biet och de Salomo falsch Gëtter un. Dat mécht Jehova rosen. Hie seet zu him: »Israel gëtt denger Famill ewechgeholl an an zwee gedeelt. De gréissten Deel ginn ech engem vun dengen Dénger. Deng Famill kritt just de klengen Deel.«

Jehova mécht nach eppes, fir datt jidderee versteet, wat hie mengt. De Jerobeam, en Dénger vum Salomo, ass ënnerwee a begéint dem Prophéit Ahija. Den Ahija zerrappt säi Mantel an 12 Stécker a seet: »Jehova hëlt d’Kinnekräich vun Israel der Famill vum Salomo ewech an deelt et. Huel du dir zéng Stécker vum Mantel, well du gëss Kinnek iwwer zéng Stämm.« De Kinnek Salomo gëtt dat gewuer a wëll de Jerobeam ëmbréngen. Dofir flücht de Jerobeam an Ägypten. Spéider stierft de Salomo a säi Jong, de Rehabeam, gëtt Kinnek. Elo traut sech de Jerobeam zeréck an Israel ze goen.

Vill Israelitte bréngen dem gëllene Kallef, dat de Jerobeam opgestallt huet, Affer duer

Déi eeler Männer vun Israel soen dem Rehabeam: »Wann s du däi Vollek gutt behandels, da bleiwen si dir trei.« Mee seng jonk Frënn soen: »Du muss streng mam Vollek sinn. Looss si nach méi haart schaffen.« De Rehabeam lauschtert op seng jonk Frënn a behandelt d’Israelitte schlecht. Dowéinst rebelléieren d’Mënsche géint hien. Déi zéng Stämm maachen de Jerobeam zu hirem Kinnek. Déi aner zwee Stämm halen awer zum Rehabeam. Esou ginn déi 12 Stämm gedeelt. Déi zéng Stämm gi „Kinnekräich vun Israel“ genannt an déi zwee Stämm „Kinnekräich vu Juda“.

De Jerobeam wëll net, datt säi Vollek op Jerusalem geet, fir Jehova do unzebieden. Weess du firwat? Well Jerusalem am Kinnekräich vum Rehabeam läit. De Jerobeam fäert, datt säi Vollek de Rehabeam als Kinnek wëll zeréck hunn. Dofir mécht hien zwee Källefcher aus Gold a seet sengem Vollek: »Jerusalem ass esouwäit ewech. Dir kënnt Gott hei ubieden.« D’Leit bieden d’Källefcher un a vergiesse Jehova erëm.

„Gitt keng Partnerschaft mat Ongleewegen an. Wat huet Gerechtegkeet mat Gesetzlosegkeet ze dinn? … Oder wat huet e Gleewege mat engem Ongleewege gemeinsam?“ (2. Korinther 6:14, 15)

Froen: Firwat gëtt Israel gedeelt? Wat fir schlecht Saache maachen d’Kinneke Rehabeam a Jerobeam?

1. Könige 11:1-13, 26-43; 12:1-33

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen