Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 44 S. 108-S. 109 Abs. 3
  • En Tempel fir Jehova

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • En Tempel fir Jehova
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 44 S. 108-S. 109 Abs. 3
Feier vu Jehova verbrennt d’Affer um Altor

GESCHICHT 44

En Tempel fir Jehova

De Kinnek Salomo biet

De Salomo ass elo de Kinnek vun Israel. Jehova freet hien: „Wat wënschs du dir? Wat soll ech dir ginn?“ De Salomo äntwert: »Ech si jonk an hunn nach guer keng Erfarung. Wannechgelift, gëff mir Weisheet, esou datt ech mech gutt ëm däi Vollek këmmere kann.« Jehova seet: »Well s du mech ëm Weisheet gefrot hues, ginn ech dir méi Weisheet, wéi iergendengem anere Mënsch op der ganzer Äerd. Ech maachen dech och ganz räich. A wann s du op mech lauschters, schenken ech dir e laangt Liewen.«

De Salomo fänkt un, den Tempel ze bauen. Hie benotzt déi bescht Steng, wäertvollt Holz, Sëlwer a Gold. Dausende vu Männer a Frae mat Geschéck maache beim Tempelbau mat. Siwe Joer méi spéit ass et dann esou wäit: Den Tempel ka Jehova gewidmet ginn. Um Altor leien Affer als Geschenk fir Jehova. De Salomo knéit virdrun a biet: »O Jehova, dësen Tempel ass net grouss genuch an och net schéi genuch fir dech. Wannechgelift, huel eis Ubiedung trotzdeem un an erhéier eis Gebieder.« Wéi gefält Jehova den Tempel an dem Salomo säi Gebiet? Soubal de Salomo fäerdeg gebiet huet, kënnt Feier vum Himmel a verbrennt d’Affer um Altor. Jehova ass also ganz zefridden. Wéi d’Israelitten dat gesinn, freeën si sech ganz vill.

Feier vu Jehova verbrennt d’Affer um Altor

De Kinnek Salomo ass esouguer a Länner, déi wäit ewech sinn, fir seng Weisheet berüümt. D’Mënsche komme vun iwwerall, fir datt hien hinne bei hire Problemer hëlleft. Esouguer d’Kinnigin vu Scheba kënnt, fir hie mat komplizéierte Froen ze testen. Wéi si seng Äntwerten héiert, seet si: »Ech hunn net gegleeft, wat ech iwwer dech héieren hunn, awer elo mierken ech, datt s du nach vill méi gescheit bass ewéi gesot gëtt. Däi Gott Jehova huet dech wierklech geseent.« D’Mënschen an Israel si glécklech an et geet hinne ganz gutt. Mee dat bleift net esou.

„Kuckt! Hei ass een, dee méi grouss ass ewéi de Salomo“ (Matthäus 12:42)

Froen: Firwat gëtt Jehova dem Salomo esou vill Weisheet? Wéi weist Jehova, datt him den Tempel gefält?

1. Könige 2:12; 3:4-28; 4:29–5:18; 6:37, 38; 7:15–8:66; 10:1-13; 2. Chronika 7:1; 9:22

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen