GESCHICHT 43
De Kinnek David sënnegt
Wéi de Saul stierft, gëtt den David mat 30 Joer Kinnek. No e puer Joer mécht hien e grousse Feeler. Eemol owes ass hien op der Terrass vu sengem Palais a gesäit eng ganz schéi Fra. Hien informéiert sech iwwer si a fënnt eraus, datt si Bathseba heescht an d’Fra vum Uria ass, engem Zaldot. Hie rifft si bei sech an de Palais. Si schlofe mateneen an d’Bathseba gëtt schwanger. Den David mécht alles fir ze verstoppen, wat hie gemaach huet. Hie seet zum Chef vu senger Arméi: »Stell den Uria bei der nächster Schluecht ganz vir, un d’Front. Déi aner solle sech hannert him zeréckzeien.« Esou stierft den Uria am Krich an den David bestit d’Bathseba.
Awer Jehova huet all déi schlëmm Saache gesinn, déi den David gemaach huet. Wéi reagéiert Jehova? Hie schéckt de Prophéit Nathan bei den David. Den Nathan erzielt him eng Geschicht: »E räiche Mann hat ganz vill Schof an en aarme Mann hat nëmmen een eenzegt klengt Lämmchen, dat hien immens gär hat. A wat huet de räiche Mann gemaach? Hien huet him dat klengt Lämmchen einfach ewechgeholl.« Du gëtt den David rosen a seet: »De räiche Mann verdéngt et ze stierwen.« Den Nathan seet dem David: »Du bass dëse räiche Mann!« Den David gëtt immens trauereg a gëtt zou: »Ech hu géint Jehova gesënnegt.« Duerch dës Sënn bréngt den David vill Misär iwwer sech a seng Famill. Jehova bestrooft den David, awer hie léisst hien um Liewen, well hien éierlech ass an Demut huet.
Den David wëll en Tempel fir Jehova bauen. Mee Jehova entscheet, datt säi Jong, de Salomo, e baue soll. Also seet den David sech: »De Salomo ass nach esou jonk. Awer Jehova säin Tempel soll prächteg an extra schéi ginn. Dofir këmmeren ech mech drëm, datt alles prett ass.« Den David spent vill vu sengem eegene Geld fir de Bau. Hie suergt fir gutt Handwierker, leet Reserve mat Gold a Sëlwer un a léisst och Zedernholz aus Tyrus a Sidon kommen. Um Enn vu sengem Liewe gëtt hien dem Salomo d’Baupläng vum Tempel a seet: »Jehova huet mir gehollef, dat alles fir dech ze zeechnen. Keng Angscht mäi Jong, Jehova hëlleft och dir. Sief staark a maach dech un d’Aarbecht.«
„Wien seng Sënne verstoppt, huet keen Erfolleg, awer wien se zougëtt an domat ophält, deem gëtt Baarmhäerzegkeet gewisen“ (Sprüche 28:13)