Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwbq Artikel 140
  • De Jesus rett d’Mënschen – wéi?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • De Jesus rett d’Mënschen – wéi?
  • Äntwerten op Froen zu der Bibel
  • Ënnertitel
  • D’Äntwert aus der Bibel
Äntwerten op Froen zu der Bibel
ijwbq Artikel 140
Ronderëm de Jesus si Leit vu verschiddene Rassen

De Jesus rett d’Mënschen – wéi?

D’Äntwert aus der Bibel

De Jesus huet trei Mënsche gerett, wéi hien säi Liewen als e Léisegeld ginn huet (Matthäus 20:28). Dowéinst gëtt hien an der Bibel de „Retter vun der Welt“ genannt (1. Johannes 4:14). Et heescht och: „Et ass a kengem anere Rettung ze fannen, well et ass keen aneren Numm ënnert dem Himmel de Mënsche ginn, duerch dee mir gerett musse ginn“ (Apostelgeschichte 4:12, BFL).

De Jesus huet fir jiddereen, deen un hie gleeft, „den Doud geschmaacht“ (Hebräer 2:9; Johannes 3:16). Dono huet Gott hien zum Liewen zeréckbruecht an de Jesus ass dann als Geeschtpersoun an den Himmel zeréckgaang (Apostelgeschichte 3:15). Do kann de Jesus „déi vollstänneg retten, déi duerch hie Gott méi no komme wëllen, well hien ëmmer lieft, fir fir si anzetrieden“ (Hebräer 7:25).

Firwat brauche mir de Jesus, fir fir eis anzetrieden?

Mir sënnegen alleguer (Römer 3:23). Duerch d’Sënn entsteet eng Distanz tëschent eis a Gott an déi féiert zum Doud (Römer 6:23). Awer de Jesus ass ewéi en „Affekot“ fir déi, déi un säin Affer gleewen (1. Johannes 2:1, Foussnout). Op der Grondlag vu dësem Affer trëtt hie fir si an a freet Gott, hir Gebieder ze erhéieren an hir Sënnen ze verzeien (Matthäus 1:21; Römer 8:34). A well et mat Gott sengem Wëllen iwwereneestëmmt, hëlt hien dat un, ëm wat de Jesus freet. Gott huet de Jesus op d’Äerd geschéckt, „fir datt d’Welt duerch hie gerett gëtt“ (Johannes 3:17).

Geet et duer, nëmmen un de Jesus ze gleewen, fir gerett ze ginn?

Nee. Fir gerett ze ginn, muss ee schonn un de Jesus gleewen, awer dat eleng geet net duer (Apostelgeschichte 16:30, 31). D’Bibel seet: „Esou wéi de Kierper ouni Geescht dout ass, esou ass och de Glawen ouni Doten dout“ (Jakobus 2:26, BFL). Fir gerett ze ginn, musse mir:

  • de Jesus a säi Papp Jehova kenne léieren (Johannes 17:3).

  • Glawen un de Jesus an u Jehova entwéckelen (Johannes 12:44; 14:1).

  • eise Glawen doduerch beweisen, datt mir hire Geboter follegen (Lukas 6:46; 1. Johannes 2:17). De Jesus huet geléiert, datt net jiddereen, deen „Här“ zu him seet, gerett gëtt, „mee nëmmen deen, deen dat mécht, wat [säi] Papp am Himmel wëll“ (Matthäus 7:21).

  • trotz Schwieregkeeten un eisem Glawe festhalen. De Jesus huet dat kloer duerch follgend Wierder gewisen: „Wien awer bis un d’Enn ausgehalen huet, dee gëtt gerett“ (Matthäus 24:13).

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2026 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Dateschutzastellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen