JONK LEIT FROEN
Firwat soll ech bieden?
Vill jonk Leit soen, datt si mol gebiet hunn, awer net reegelméisseg. Verschidde Jugendlecher stellen sech bestëmmt déi Fro: „Ass d’Gebiet just eng psychologesch Krätsch oder ass méi dohanner?“
Wat ass d’Gebiet?
D’Gebiet ass eng reell Kommunikatioun mat deem, deen alles gemaach huet. Iwwerlee emol wat dat bedeit! Jehova ass de Mënschen an allem wäit iwwerleeën, trotzdeem ass „hien net wäit vun eis all ewech“ (Apostelgeschichte 17:27, BFL). An der Bibel fanne mir esouguer déi faszinéierend Invitatioun: „Kommt méi no bei Gott, da kënnt hie méi no bei iech“ (Jakobus 4:8, BFL).
Awer wéi kanns du Gott méi no kommen?
D’Gebiet ass eng Méiglechkeet – esou kanns du mat Gott schwätzen.
Och d’Liesen an d’Studéiere vun der Bibel ass eng Méiglechkeet – esou ka Gott mat dir schwätzen.
Duerch Gebiet a Bibelstudium, also eng Kommunikatioun, déi an déi zwou Richtunge funktionéiert, kënne mir eng enk Frëndschaft mat Gott opbauen.
„Mat Jehova ze schwätzen – der wichtegster Perséinlechkeet am ganzen Universum –, ass eent vun deene gréisste Virrechter, déi mir als Mënsche kënnen hunn“ (Jeremy).
„Wann ech Jehova matdeelen, wat mech wierklech beweegt, da fillen ech mech him ganz no“ (Miranda).
Lauschtert Gott no?
Esouguer wann s du u Gott gleefs an zu him biets, kéint et dir schwéierfalen, dovun iwwerzeegt ze sinn, datt hien dir wierklech nolauschtert. D’Bibel weist eis awer ganz kloer, datt Jehova genee dat mécht (Psalm 65:2). Si ermontert dech esouguer all deng Suergen op hien ze geheien. Firwat? „Well hie sech ëm [dech] këmmert“ (1. Petrus 5:7).
Iwwerlee emol: Hëls du dir reegelméisseg Zäit, fir mat denge Frënn ze schwätzen? Dat kanns du och bei Gott maachen. Biet reegelméisseg zu him a gebrauch dobäi säin Numm, Jehova (Psalm 86:5-7; 88:9). D’Bibel gëtt eis e gudden Tipp: „Biet bestänneg!“ (1. Thessalonicher 5:17, BFL).
„Wann ech zu mengem himmlesche Papp bieden, da schëdden ech him mäi ganzt Häerz aus“ (Moises).
„Wann ech zu Jehova bieden, da ginn ech bei verschiddene Saache ganz an den Detail, esou wéi wann ech mat menger Mamm oder enger richteg gudder Frëndin géif schwätzen“ (Karen).
Ëm wat kann ech bieden?
An der Bibel gëtt gesot: „Lasst Gott in allem durch Gebet und Flehen zusammen mit Dank wissen, was eure Bitten sind“ (Philipper 4:6).
Ass et also an der Rei mat Gott iwwer deng Problemer ze schwätzen? Majo sécher! An der Bibel kréie mir de Rot: „Wirf deine Last auf Jehova und er wird dich stützen“ (Psalm 55:22).
Wann s du zu Gott biets, da schwätz awer net nëmmen iwwer deng Problemer. D’Chantelle seet zum Beispill: „Wat wier dat da fir eng Frëndschaft, wann ech ëmmer nëmmen dann zu him bieden, wann ech Hëllef brauch. Ech fannen, et sollt een am Gebiet fir d’éischt emol Merci soen. An et gëtt esou vill, fir dat ech dankbar ka sinn.“
Iwwerlee emol: Wat gëtt et alles an dengem Liewen, fir dat s du Merci soe kanns? Fir wéi eng dräi Saache kéins du dech haut bei Jehova bedanken?
„Heiansdo sinn et och ganz kleng Saachen, fir déi ee sech bei Jehova bedanke wëll, vläicht fir eng wonnerschéi Blumm, déi ee grad gesinn huet“ (Anita).
„Gëtt et eppes an der Natur, wat dech begeeschtert oder e Bibeltext, deen dech beréiert? Da so Jehova Merci dofir“ (Brian).