LIDD 21
Gott säi Kinnekräich op déi éischt Plaz setzen
1. Gott säi Kinnekräich sou wäertvoll,
et bréngt him an eis vill Freed.
Säi Jong, Jesus, scho regéiert,
gläich befreit eis vun all Leed.
(REFRAIN)
Kommt, mir setzen op déi éischt Plaz
weider Gott säi Kinnekräich.
Wëllen him gär loyal déngen.
Gott säi Seege mécht eis räich.
2. All Dag huet seng eege Suergen,
mee Jehova eis versprécht:
„Fir déi Trei wëll ëmmer suergen.“
Säi Verspriechen hien ni brécht.
(REFRAIN)
Kommt, mir setzen op déi éischt Plaz
weider Gott säi Kinnekräich.
Wëllen him gär loyal déngen.
Gott säi Seege mécht eis räich.
3. Déi gutt Noriicht mir verbreeden,
fir dass all Mënsch ka gesinn:
echte Fridden an eng Hoffnung –
nëmme Gott kann eis dat ginn.
(REFRAIN)
Kommt, mir setzen op déi éischt Plaz
weider Gott säi Kinnekräich.
Wëllen him gär loyal déngen.
Gott säi Seege mécht eis räich.
(Dozou och Ps. 27:14; Mat. 6:34; 10:11, 13; 1. Pet. 1:21.)