GESCHICHT 44
En Tempel fir Jehova
De Salomo ass elo de Kinnek vun Israel. Jehova freet hien: „Wat wënschs du dir? Wat soll ech dir ginn?“ De Salomo äntwert: »Ech si jonk an hunn nach guer keng Erfarung. Wannechgelift, gëff mir Weisheet, esou datt ech mech gutt ëm däi Vollek këmmere kann.« Jehova seet: »Well s du mech ëm Weisheet gefrot hues, ginn ech dir méi Weisheet, wéi iergendengem anere Mënsch op der ganzer Äerd. Ech maachen dech och ganz räich. A wann s du op mech lauschters, schenken ech dir e laangt Liewen.«
De Salomo fänkt un, den Tempel ze bauen. Hie benotzt déi bescht Steng, wäertvollt Holz, Sëlwer a Gold. Dausende vu Männer a Frae mat Geschéck maache beim Tempelbau mat. Siwe Joer méi spéit ass et dann esou wäit: Den Tempel ka Jehova gewidmet ginn. Um Altor leien Affer als Geschenk fir Jehova. De Salomo knéit virdrun a biet: »O Jehova, dësen Tempel ass net grouss genuch an och net schéi genuch fir dech. Wannechgelift, huel eis Ubiedung trotzdeem un an erhéier eis Gebieder.« Wéi gefält Jehova den Tempel an dem Salomo säi Gebiet? Soubal de Salomo fäerdeg gebiet huet, kënnt Feier vum Himmel a verbrennt d’Affer um Altor. Jehova ass also ganz zefridden. Wéi d’Israelitten dat gesinn, freeën si sech ganz vill.
De Kinnek Salomo ass esouguer a Länner, déi wäit ewech sinn, fir seng Weisheet berüümt. D’Mënsche komme vun iwwerall, fir datt hien hinne bei hire Problemer hëlleft. Esouguer d’Kinnigin vu Scheba kënnt, fir hie mat komplizéierte Froen ze testen. Wéi si seng Äntwerten héiert, seet si: »Ech hunn net gegleeft, wat ech iwwer dech héieren hunn, awer elo mierken ech, datt s du nach vill méi gescheit bass ewéi gesot gëtt. Däi Gott Jehova huet dech wierklech geseent.« D’Mënschen an Israel si glécklech an et geet hinne ganz gutt. Mee dat bleift net esou.
„Kuckt! Hei ass een, dee méi grouss ass ewéi de Salomo“ (Matthäus 12:42)