Wéi huet een am meeschte vum Bibelcours?
Fir unzefänken, den Iwwerbléck betruechten an de VIDEO kucken.
ÉISCHTEN DEEL
Fir sech virzebereeden, déi eenzel Abschnitter liesen. Déi fett gedréckte Froen (A) an d’Bibelstellen (B) betounen d’Haaptgedanken. Bei verschidde Bibelstelle steet „Lies“ dobäi.
MËTTELSTEN DEEL
De kuerzen Text (C) ënner An den Detail goen weist, wat dono kënnt. D’Iwwerschrëften (D) féieren duerch d’Theema. Zesumme mam Bibellehrer liest een d’Bibeltexter, beäntwert d’Froen a kuckt sech d’Videoen un.
VIDEOEN: Do fënnt een zousätzlecht Material, dat den Text ergänzt. A muenche Videoe ginn Erliefnesser gewisen, déi reell geschitt sinn. An anere Videoe gesäit ee gespillten, awer realistesch Zeenen, déi duerch fiktiv Situatiounen a Persounen duergestallt ginn.
Da kann een d’Biller beschwätzen an dat, wat drënner steet (E). Bei Wann ee seet (F), kann een iwwerleeën, wéi een dorop äntwert.
LESCHTEN DEEL
Fazit a Réckbléck (G) schléissen d’Lektioun of an et kann een androen, wéini dat war. Zil (H) weist engem, wat een sech virhuele kann. Ënner Méi gewuer ginn (I) fënnt een aner Artikelen a Videoen, déi zum Theema passen.
Wéi ee Bibelstelle fënnt
D’Bibel ass e Buch, zesummegesat aus 66 eenzelne Bicher. Et besteet aus zwee Deeler: déi Hebräesch-Aramäesch Schrëften („D’Aalt Testament“) an déi Chrëschtlech Griichesch Schrëften („D’Neit Testament“).
Bei de Bibelstelle steet fir d’éischt de Numm vum Bibelbuch (A), dann d’Kapitel (B), an dono de Vers oder d’Versen (C).
E Beispill: Johannes 17:3 ass also d’Bibelbuch Johannes, Kapitel 17, Vers 3.