LIDD 110
„Jehova schenkt Freed, déi staark mécht“
1. Mir klo’r gesinn a gär dës Noriicht deelen:
Haut Gott säi Räich schonn opgeriicht!
Gläich kënnt déi Zäit, wou Gott eis wäert befreien.
Um Horizont eis Rettung liicht.
(REFRAIN)
Jehova schenkt eis Freed, déi eis staark mécht.
Seng Hoffnung bréngt Zefriddenheet.
Mir éi’ren zesumme Gott säi groussen Numm,
dankbar a mat Häerzer voller Freed.
Jehova schenkt eis Freed, déi eis staark mécht.
Am Déngscht fir hie gi mir eist Bescht.
Jehova säi Kinnekräich vertriede mir,
well Gott seng Léift all Mënsch glécklech mécht.
2. Schenk dengem Gott Jehova däi Vertrauen.
Fäert net, well hie steet fir dech an.
Hief lo deng Stëmm a looss jiddereen héi’ren,
wéi s du Gott luefs däi Liewe laang.
(REFRAIN)
Jehova schenkt eis Freed, déi eis staark mécht.
Seng Hoffnung bréngt Zefriddenheet.
Mir éi’ren zesumme Gott säi groussen Numm,
dankbar a mat Häerzer voller Freed.
Jehova schenkt eis Freed, déi eis staark mécht.
Am Déngscht fir hie gi mir eist Bescht.
Jehova säi Kinnekräich vertriede mir,
well Gott seng Léift all Mënsch glécklech mécht.
(Dozou och 1. Chr. 16:27; Ps. 112:4; Luk. 21:28; Joh. 8:32.)