LIDD 75
Hei sinn ech! Schéck mech!
1. Dës Welt ass géint Jehova Gott.
Säin Numm vu ville gëtt verspott.
Déi eng, déi so’n: „Et gëtt Gott net“,
an an’rer: „Hie kee Matleed huet.“
Wien ass bereet, lo anzesto’n
an d’Wourecht iwwer Gott ze so’n?
(REFRAIN 1)
Ech si bereet. Schéck mech, schéck mech!
Dech ëmmer luewen, dat wëll ech.
Eng méi grouss Éier gëtt et net, Gott.
Hei sinn ech! Schéck mech, schéck mech!
2. Munch soen: „Gott huet eis verlooss“;
si fille sech am Stach gelooss.
Si hu Gott duerch sou vill ersat:
duerch Gëtzen, Geld, an och de Staat.
Wie warnt si virun deem, wat kënnt?
Wie weist lo, wéi ee Gott nach fënnt?
(REFRAIN 2)
Ech si bereet. Schéck mech, schéck mech!
Mat Mutt si warnen, dat wëll ech.
Eng méi grouss Éier gëtt et net, Gott.
Hei sinn ech! Schéck mech, schéck mech!
3. Haut leiden duuss Leit ëmmer méi;
d’Leed an der Welt deet hinne wéi.
Si seene sech no Harmonie;
de Sënn vum Liewe siche si.
Wie sicht no hinnen, ass bereet,
ze tréischten, duerch dat, wat Gott seet?
(REFRAIN 3)
Ech si bereet. Schéck mech, schéck mech!
Si tréischten duerch däi Wuert wëll ech.
Eng méi grouss Éier gëtt et net, Gott.
Hei sinn ech! Schéck mech, schéck mech!