LIDD 54
„Dat ass de Wee“
1. Et gëtt e Wee, dee Gott
eis weist, de Friddenswee.
Duerch Gott säi Wuert hu mir
e fonnt, e Liewenswee.
Ween dorop geet, dee lauschtert
op dat, wat Gott seet.
Wéi herrlech d’Wourecht liicht,
weist eis, wouhin et geet.
(REFRAIN)
Dat ass de Wee, de Wee an d’Éiwegkeet.
Kuck ni no hannen, bleif op dësem Wee.
„Dat ass de Wee“, dir Jehova seet.
Fir ëmmer glécklech ass, ween dorop geet.
2. Ganz duuss béckt Gott sech,
weist eis Léift, sou trei an déif.
Hie léisst sech fannen,
leet eis um Wee vun der Léift.
Hie gëtt eis Kraaft fir
sengem Beispill nozego’n.
Op dësem Wee mir
wëllen ëmmer weidergo’n.
(REFRAIN)
Dat ass de Wee, de Wee an d’Éiwegkeet.
Kuck ni no hannen, bleif op dësem Wee.
„Dat ass de Wee“, dir Jehova seet.
Fir ëmmer glécklech ass, ween dorop geet.
3. Et gëtt e Liewenswee,
dee schenkt eis sou vill Freed.
Jehova huet versprach:
et ass de beschte Wee.
Jo, dëse Wee gëtt
eisem Liewen déiwe Sënn;
e schéine Kaddo
vu Jehova u seng Frënn.
(REFRAIN)
Dat ass de Wee, de Wee an d’Éiwegkeet.
Kuck ni no hannen, bleif op dësem Wee.
„Dat ass de Wee“, dir Jehova seet.
Fir ëmmer glécklech ass, ween dorop geet.